
Aktuell sinn 59 (-2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 21 (-8) op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.787 aktiv Infektiounen. 66.803 Persoune gëllen als geheelt.
An de leschte 24 Stonne goufe 4.624 Leit eng éischte Kéier an 1.221 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 297.351 Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,81. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.