Bei de Liewensmëttel ass besonnesch d'Mëllech (+ 2,2%) an d'frësch Uebst (+1,4%) am Verglach zum Mount virdru méi deier ginn.

Am Mee sinn d'Präisser zu Lëtzebuerg liicht an d'Luucht gaangen. D'Joresinflatioun ass dem Statec no de leschte Mount vun 2,1 op 2,5% an d'Luucht gaangen.

Op der Pompel hunn d'Automobiliste fir de Liter Diesel am Mee missen 3,2% méi bezuelen. De Besinn ass 1,4% méi deier ginn. Am Verglach mam Mee zejoert ass den Ënnerscheed besonnesch frappant. Um Enn vum éischte Lockdown louchen d'Pëtrolspräisser 35,5% ënnert deene vun haut (Mee 2021). Et muss een natierlech derbäi soen, datt d'Pëtrolsproduiten 2020 apaart bëlleg waren.

Bei de Liewensmëttel ass besonnesch d'Mëllech (+ 2,2%) an d'frësch Uebst (+1,4%) am Verglach zum Mount virdru méi deier ginn. Wat och nach opfält ass d'Präisentwécklung bei de Fluchticketen, déi sinn eleng vun Abrëll op Mee ëm 13,8% geklommen.