
Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt ervir.
Besonnesch Leit, déi sougenannt immunsuppressiv Medikamenter huelen, forméiere manner gutt Antikierper no enger Impfung a kënnen domadder kee sou e gudden Immunschutz opbauen. Et geet hei zum Beispill ëm Leit, déi eng Organspend kruten oder chronesch Autoimmunkrankheeten hunn.
