Vun 110 Asyldemande waren der 45 aus SyrienLëtzebuerg hëlt Immigrante vum Rettungsschëff "Ocean Viking" am Mëttelmier op

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Juni hunn 110 Leit hei zu Lëtzebuerg eng Asyldemande gemaach. Dat waren der 27 méi wéi nach am Mee.
© RTL Archiv

Eleng 45 Demandë koume vu Leit aus Syrien an der 27 aus Eritrea. 64 Leit kruten am Laf vum leschte Mount de Statut als Refugié unerkannt, schreift d’Immigratiounsdirektioun aus dem Ausseministère.

E Porte-parole vun der EU-Kommissioun huet iwwerdeems e Méindeg confirméiert, dass de Grand-Duché bereet ass, en Deel vun den am Ganzen 573 Migranten opzehuelen, déi vum Rettungsschëff “Ocean Viking” am Mëttelmier opgegraff gi waren an e Sonndeg op Sizilien u Land bruecht goufen.

Wéi vill Persoune genee, gouf bis ewell nach net präziséiert, mä d’Regierung hätt op alle Fall e Méindeg hiren Accord dozou ginn. Ënnert den 573 Flüchtlinge wieren 183 Mannerjäreger.

Back to Top
CIM LOGO