Dat ass de Verdikt um Mëttwoch am Nomëtteg vum Collège médical sengem Conseil de Discipline.

Den Dr. Benoît Ochs gouf e Mëttwoch de Mëtteg zu engem Beruffsverbuet vun engem Joer verurteelt. Hien hätt géint eng ganz Rëtsch Artikele vum Code de déontologie verstouss, dat huet de Conseil de discipline vum Collège médical festgehalen.

Urteel Dr. Ochs / Reportage Carine Lemmer

Den Affekot vum Generalist huet annoncéiert, datt ee ganz warscheinlech an Appell geet, dat heescht, datt d’Urteel deen Ament net gëllt an den Dokter nach kéint weider schaffen.

Den Dokter vu Gonnereng hat sech misse virum Conseil de discipline veräntwerten, well e verschidde Verstéiss géint Corona-Mesurë reprochéiert krut. Ënnert anerem hat hie sech net un e Protokoll vun der Santé gehalen, hat Corona-Patienten traitéiert, obwuel en dat net duerft a se mat Medikamenter behandelt, déi net erlaabt waren. Hien hätt och net ëmmer d’Maskeflicht respektéiert an hätt sech géint Impfungen ausgeschwat.

An enger éischter Reaktioun sot den Dr Ochs, datt hie mat Sursis gerechent hätt. Ee Joer Suspensioun wären awer net sou schlëmm wéi dee Protokoll vun der Santé, datt e Patient misst kaum Loft kréien, fir datt e géif behandelt ginn. Den Dr. kritiséiert wéi gesot, datt ee bei enger Infektioun muss doheem bleiwen, ouni Traitement, an eréischt wann et méi schlecht geet, géif een d’Ambulanz ruffen.

Den Dr. Ochs huet e Mëttwoch de Mëtteg och massiv d’Impfungen u Kanner a Jugendlecher kritiséiert. Och Dokteren, déi dat maachen, géife sech schëlleg maachen. Kanner ënner 20 Joer géifen éischter um Vaccin stierwen wéi un enger Covid-Infektioun, sou den Dr. Benoît Ochs.

De Collège médical hat ee Joer Suspensioun gefrot. An deem Sënn ass et eng Satisfaktioun, sou reagéiert den Dr. Pit Büchler, de President vum Collège médical op d'Urteel.

Et wär ëmmer e bëssen traureg, wann ee vun de Kolleegen total ofwäicht vun de „Bonnes Règles“ an dee praktesch géint d’Santé publique wiedert, sot den Dr. Büchler am RTL-Interview.

Den Dr. Ochs géif sech als Wëssenschaftler duerstellen, mä hätt awer eng total aner Vue wéi déi international Wëssenschaftsgemeinschaft.