
Géint 18 Auer waren an der Areler Strooss um Belair en Auto an e Cyclist aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Stater Secouriste waren am Asaz. Bal zäitgläich ass an der Mierscher Strooss zu Angelsbierg eng Persoun mat hirer elektrescher Trottinette gefall an huet sech blesséiert. D’Secouriste vu Fëschbech hu sech ëm se gekëmmert.
Kuerz no 21 Auer dann e Feier an der Rue Belle-Vue zu Péiteng. Hei hunn e Chalet an d’Vegetatioun gebrannt an eng Persoun gouf blesséiert. D’Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng waren am Asaz, wéi och eng Ambulanz vun Esch.