Renomméiert kanadesch UniversitéitMcGill University kënnt op Lëtzebuerg, fir Talenter am Finanzsecteur ze fërderen

Chris Meisch
Déi kanadesch Universitéit wäert am Grand-Duché e Masterstudiegank ubidden, dee sech un d'Leit aus dem Finanzsecteur riicht.
Den Haaptcampus vun der McGill University a Kanada.
Den Haaptcampus vun der McGill University a Kanada.
© McGill University

Am Finanzberäich spillt Lëtzebuerg eng wichteg Roll. Fir dës Positioun och an Zukunft ze sécheren, setzt Lëtzebuerg notamment op Formatioun,Fërderung vun Talenter an international Zesummenaarbecht. Elo kënnt eng nei akademesch Initiativ dobäi, dat mat der kanadescher McGill University, déi an de Gebailechkeete vun der Chambre de Commerce Formatiounen ubitt.

McGill University zu Lëtzebuerg / Reportage Chris Meisch

Talent, Bildung an d’Zesummenaarbecht mat der Industrie si zentral fir déi nächst Phas vun der finanzieller Entwécklung vu Lëtzebuerg”, esou de Patrick Augustin, Professer fir Finanzen op der McGill University zu Montréal. Hien ass och Direkter vum McGill Luxembourg Centre for Finance, deen eng wichteg Roll an der Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg a Kanada am Beräich vun der Finanz-Ausbildung spillt.

Vum August u gëtt zu Lëtzebuerg de “Master of Management in Finance” proposéiert. De Studiegang riicht sech virun allem u Leit, déi schonn am Finanzsecteur schaffen a sech weider spezialiséiere wëllen, wéi de Patrick Augustin erkläert.

De Masterdiplom huet dräi Aspekter. Den éischten ass den akademesche Beräich, wou breetgefächert déi verschidde Métiere vum Finanzsecteur ofdeckt. Den zweete Volet, an ech mengen, dat ass wierklech d’Plus-value unique vun dësem Programm, ass, dass d’Studente wäerten ee richtege reelle Fong selwer geréieren. Den drëtte Volet ass, fir dat alles ze komplimentéieren, wou mir personaliséierte career-coaching hunn, awer och wou mir eisen Anciens-Réseaux mat abannen, wou mir iwwer verschidde Sujeten Experten aus der ganzer Welt abannen.

D’Iddi hannert dësem Projet ass kloer: Lëtzebuerg ass eng vun de wichtegste Finanzplazen an Europa. Besonnesch am Beräich vun den Investmentfongen huet d’Land eng international Spëtzepositioun. Gläichzäiteg wiisst d’Nofro no héichqualifizéierte Fachleit ëmmer méi. Mat engem internationale Masterprogramm wëll een dofir gezielt an d’Fërderung vun Talenter investéieren.

D‘Qualitéit vum Secteur hänkt vun den Talenter of, déi do sinn. De Programm ass spezifesch opgebaut fir Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen. Dat heescht, op där enger Säit ass et fir Leit, déi zu Lëtzebuerg villäicht wëllen hir Karriär weidermaachen a sech verbesseren, déi mussen elo net méi an d‘Ausland goen. Do hu mir dee Programm spezifesch fir de Finanzsecteur hei ausgeschafft. Mä et ass och ee Programm, deen duerch d’Visibilitéit vun enger McGill wäert Talenter op Lëtzebuerg bréngen an dann hei ufänken ze schaffen.

D’Universitéit vu Montreal, Lëtzebuerger Finanz-Acteuren ewéi d‘Bankenassociatioun an d’Politik schaffen hei zesummen, fir nei Kompetenzen am Finanzsecteur opzebauen. Fir Kanada bedeit d’Initiativ eng Méiglechkeet, seng akademesch Presenz an Europa auszebauen. Fir Lëtzebuerg ass et eng Chance, säi Status als Finanzzentrum weider ze stäerken.

De Patrick Augustin vun der McGill University an de Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth
De Patrick Augustin vun der McGill University an de Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth
© MMF Luxembourg

Bei de bilaterale Gespréicher tëschent deenen zwee Premiere Luc Frieden an Mark Carney waren den Investissement an d’Educatioun an Talenter tëschent deenen zwee Länner als grousse strategesche Punkt ugeschwat ginn. Ech mengen, dat ass fir Lëtzebuerg eng Plus-value an doduerch, dass mir net just Educatioun maachen, mee och Projete mat der Industrie maachen, hu mir och d‘Méiglechkeet, verschidde Sujeten, déi wichteg sinn, an der Ekonomie ze verdéiwen, méi ze thematiséieren an doduerch international Experten op Lëtzebuerg ze bréngen.

D’Zil ass et, op laang Siicht e staarkt Netzwierk tëscht Lëtzebuerg, Kanada an der internationaler Finanzwelt opzebauen.

Nieft dem Masterprogramm soll de “McGill Luxembourg Centre for Finance” och Fuerschung, Konferenzen an zukünfteg Formatiounen am Finanzsecteur organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO