Chambre des Métiers warnt"D’Handwierk ass nach stabil, mee den Drock klëmmt!"

Claudia Kollwelter
Dat sot den Direkter vun der Chambre des métiers Tom Wirion haut op enger Pressekonferenz, op där d’Chifferen vun 2025 presentéiert goufen.

Trotz enger op den éischte Bléck stabiller Entwécklung mat ronn 10.000 Betriber an iwwer 105.000 Beschäftegten, geréit d'Rentabilitéit am lëtzebuergeschen Handwierk ëmmer méi ënner Drock.
Eng Produktivitéit déi fält, steigende Käschten – besonnesch fir Energie, Material a Léin – souwéi eng nach ze wéineg genotzte digital Transformatioun maachen et fir vill Betriber schwéier, nach wirtschaftlech rentabel ze schaffen. D'Chifferen déi en Dënschdeg presentéiert goufen, ënnersträichen dës Entwécklung.

An der Bau-Industrie ass d'Produktivitéit tëscht 2019 an 2024 ëm 33 % zeréckgaangen. Am Joer 2024 huet méi wéi ee vun dräi handwierkleche Betriber kee positive Gewënn gemaach, wat ronn 30 % vun den Aarbechtsplazen am Secteur betrëfft. Dobäi kënnt, datt zanter Enn 2022 vill Betriber hir Investissementer reduzéiert hunn, wéinst wirtschaftlecher Onsécherheet an en ëmmer méi schwéieren Zougang zu Finanzéierung.

Fir dësen Erausfuerderungen entgéintzewierken, plädéiert d’Chambre des Métiers fir eng proaktiv Approche. Am Mëttelpunkt stinn d’Verbesserung vum Zougang zu Finanzéierung, gezielt staatlech Ënnerstëtzung, eng konsequent administrativ Vereinfachung an eng méi grouss Attraktivitéit vum Handwierk – souwuel fir Jonker am Land wéi och fir qualifizéiert Aarbechtskräften aus dem Ausland. Och d’Relance vum bezuelbare Wunnengsbau gëtt als wichtege Faktor ugesinn, fir d’Nofro an d’Produktioun ze stabiliséieren.

Och d’kënschtlech Intelligenz bitt der Chambre des métiers no Potenzial: Schonn haut notzen ongeféier 4 vun 10 Betriber AI-Tools, mee d’Integratioun ass nach limitéiert a verlaangt weider Formatioun an Ënnerstëtzung.

Back to Top
CIM LOGO