Conseil d'EtatRTL-Infoen no dierft d'Juristin Josiane Pauly d'Plaz am Staatsrot iwwerhuelen

Roy Grotz
Zanter dem 1. Juli ass nom Depart vum Georges Wivenes nees eng Plaz am Staatsrot fräi.
© Archivbild

RTL-Informatiounen no dierft dëse Posten mam Josiane Pauly eng Juristin iwwerhuelen, déi Notaire um Sennengerbierg ass. D'Madamm Pauly huet iwwer Joren als Conseiller de Gouvernement 1re classe am Nohaltegkeetsministère geschafft a war e.a. Presidentin vun der SNCA an der SNCT.

Natierlech muss d’Juristin awer nach via d’Chamber dem Grand-Duc proposéiert ginn.

D'Chamber huet d'Virschlagsrecht fir de vakante Posten am Staatsrot, sou datt offiziell wäert den nächste Freideg an der Presidentekonferenz iwwert de freie Sëtz am Conseil d'Etat Rieds goen, de Posten offiziell ausgeschriwwe an Kandidaturen eragereecht ginn.

An den 2 Kandidate-Profiller, déi de Staatsrot der Chamber proposéiert, an déi RTL virleien, gëtt e Kandidat gesicht, deen en Unis-Diplom am Droit huet mat berufflecher Erfarung am Droit Administrativ an dem Mobilitéits-Recht respektiv am Domaine vum Penal-Recht.

D'CSV sollt u sech de Georges Wivenes duerch en eegene Kandidat ersetzen, mee duerch dat schwaacht Walresultat, sinn et Déi Gréng, déi de Posten lo de facto "zougesprach kréien".

D'gréng Partei huet bis dato "nëmmen" 2 Conseilleren am Staatsrot, d'CSV verléiert mat der Nominatioun vun der Josiane Pauly hiert aacht Mandat.

Um Fëschmaart setzen, nodeem d'Josiane Pauly bis offiziell vun der Chamber designéiert gouf, da vun 21 Memberen 8 Fraen.

Eréischt Ugangs Abrëll kritt de Staatsrot, an der Successioun vum Agnés Durdu, mam Christophe Schiltz en neien, 42 Joer jonken, President.

Déi fréier liberal Deputéiert Agnés Durdu gouf no 15 Joer am Staatsrot vun der DP duerch de Marc Meyers ersat, deen Direkter vum Stater Conservatoire ass.

Dëst Joer leeft e weidert Mandat vun engem Staatsrotmember aus; da muss de fréiere Vize-President Marc Schaefer ersat ginn, dee fir d'LSAP zanter 2006 um Fëschmaart souz.

Déi nei Mandater am Staatsrot sinn op 12 Joer limitéiert.

Back to Top
CIM LOGO