Marche blancheHonnerte Leit hunn an der Stad géint d'Corona-Mesuren demonstréiert

RTL Lëtzebuerg
An der Stad hunn e Freideg den Owend honnerte Leit un enger Demonstratioun géint d'Corona-Mesuren deelgeholl.
© RTL Mobile Reporter

Wéi een op Biller op de soziale Reseaue gesäit, sinn d’Leit wäiss gekleet vum Kierchbierg, laanscht d’Philharmonie an iwwert déi rout Bréck an d’Stad marschéiert.

D’Gruppéierung Bierger fir Bierger schéngt dës Manifestatioun organiséiert ze hunn. Si schwätze selwer vu 673 Leit, déi op der Plaz gewiescht wären. E Chiffer, deen natierlech net konnt onofhängeg confirméiert ginn.

Op Flyere gouf online zu enger „Marche blanche silencieuse citoyenne“ opgeruff. Zil wär et fir d’Rechter vun de Kanner ze verdeedegen an donieft Solidaritéit mam Fleegepersonal ze weisen, déi sech net impfe loosse wëllen.
Et wéilt ee sech géint eng totalitär Politik wieren, sou steet et um Flyer.

Wéi d’Police op Nofro hi confirméiert, ass d’Demonstratioun ouni Tëschefäll verlaf.

© RTL Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO