Weltwäit gëtt geschat, dass méi wéi 55 Millioune Leit vun enger Demenz-Erkrankung betraff sinn.

Um Weltdag soll sensibiliséiert ginn. D’Kontroll- an Evaluatiouns-Administratioun AEC vun der nationaler Fleegeversécherung huet zanter dem Ufank vum Joer eng Evaluatioun gemaach iwwert déi national Fäll, déi weist, dass 27% vun allen Fleegefäll am Land, eng Demenzkrankheet hätten. Frae wieren duebel sou dacks betraff wéi Männer. Liicht méi wéi d’Hallschent vun de Patiente wieren tëscht 80 an 89 Joer al.