
Et wier eng Reaktioun ob d’Demande vun der Populatioun, déi rezent geklomme wier.
D’Police am Zentrum wier dobäi sech ze reorganiséieren, heescht et vum Minister, fir déi neidesch Capacitéiten a fräi Unitéiten op den Terrain ze bréngen. E konkrete Chiffer gouf net genannt.
Den erweiderte Rekrutement an d’Ausbildung wieren nach an engem jonke Stadium. Den néidegen Effectif géing nach feelen, mä géing lues a lues vum nächste Fréijoer u besser ginn, esou de Minister.