De Konkurrenzrot mécht zënter engem Joer eng Enquête am Bausecteur an de Marchés publics, fir ze kucken op a punkto Konkurrenz alles korrekt funktionéiert.

An enger éischter Phas hätt kënne festgestallt ginn, datt bei den ëffentleche Marchéen d'Mise en concurrence zefriddestellend wier. Allerdéngs géingen zwéin Objektiver vun der neier Gesetzgebung net genuch erreecht ginn an zwar déi administrativ Vereinfachung an de Fait, datt net genuch net-finanziell Krittären eng Roll Spillen.

De Conseil formuléiert an deem Sënn eng Rei Recommandatiounen: Ënnert anerem soll eng besser Konkurrenz tëscht de Bureaux d'etudes gefërdert ginn. D'Krittäre fir kleng a mëttelgrouss Entreprisë solle manner strikt ginn, fir de PME'en e besseren Accès op déi ëffentlech Marchéen ze garantéieren. D'Aféierung vu qualitative Krittäre soll viru gedriwwe ginn amplaz just op de Präis ze kucken. An enger zweeter Phase gi weider Resultater publizéiert, heescht et vum Konkurrenz-Rot.