De Policeminister Henri Kox war an der Chamberkommissioun vun der banneschter Sécherheet, fir de Mesurepak iwwer d'Drogekriminalitéit ze presentéieren.

Mesurëpak Drogekriminalitéit / Rep. Claudia Kollwelter

Méi spezifesch de Volet vun de Bodycams an de sougenannte Plazverweis. Vill Neies gouf en net gewuer an d'Meenunge vun de Parteien hu sech och net weider geännert:

Et wier just nach emol opgekacht ginn, wat souwisou scho gesot gi wier, sot den Marc Goergen vun de Piraten. De Plazverweis light kéint een a sengen Ae mam Dossier Cannabis vergläichen:

Si probéieren eppes ze maachen a verwässeren et souvill, bis et kee Goût méi huet. Dat ass de Problem vun dëser Regierung, se versichen sech nach iwwert déi lescht 2 Joer ze retten duerch iergendwellech Kompromësser.

D'Regierung géif endlech op Proposen vun der CSV agoen huet den Leon Gloden begréisst. An awer géifen nach Mesuren am Package feelen, wéi zum Beispill d'Taseren fir d'Policebeamten. Den Henri Kox hätt d'Videoiwwerwaachungen zwar ernimmt, mee:

De Minister schwätzt ëmmer dovunner, mee et geschitt näischt konkret um Terrain. Op Punkten, wou potentiell Gefor ass, wéi op Garen a groussen Busarrêten muss eng Videosurveillance kommen, fir d'Sécherheetsgefill vun de Bierger ze stäerken.

A Punkto Bodycams hätt een an der zoustänneger Kommissioun driwwer geschwat, wat déi wëssenschaftlech Grondlag wier, huet d'Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun Stephanie Empain ënnerstrach:

Et kann zu enger Deseskalatioun féieren. Et ass eng Sécherheet fir d'Polizisten, mee och fir d'Bierger.

Zil wier et, de Projet de Loi fir d'Bodycams bis Enn dës Joers ze deposéieren, huet d'Stephanie Empain nach betount.