Läich vu Lëtzebuerger Resident a Portugal fonnt

© RTL-Grafik
Den doudege Kierper vum Marco Alves Santo gouf de 5. August am Floss Rio Mondego an der Géigend vu Figueira da Foz entdeckt.
Beim Mann handelt et sech ëm e Lëtzebuerger Resident mat portugisescher Nationalitéit.
De Parquet huet an deem Sënn eng Instruktioun opgemaach, an d'Police judiciaire schafft an der Enquête enk mat de portugiseschen Autoritéiten zesummen.
An deem Kader sicht d'Police judiciaire elo no Zeien. Wien tëscht dem 2. an dem 5. August an der Géigend vu Figueira da Foz an der Vakanz war an eppes Opfälleges an der Géigend vum Floss Rio Mondego gesinn huet, soll sech bei der Police judiciaire via Mail (spj.ip-info@police.etat.lu) oder um 113 mellen.