De Weekend krut d'Police op en Neits eng Rei Abréch an och Déifställ aus Autoe gemellt. Véier Verdächteger goufe protokolléiert.

Een Abroch gouf et e Sonndeg am Nomëtteg an der Rue de la Montagne zu Schëffleng. Onbekannt Täter hate sech hei Zougang zu engem Haus verschaaft an hunn do d'Raim duerchwullt. Si hunn ënner anerem eng E-Trottinett matgoe gelooss. Ëm déi selwecht Zäit gouf der Police dann och een Abroch an e Buttek an der Rue de Hollerich am Garer Quartier an der Stad gemellt. Hei gouf d'Fënster ageschloen an et goufen eng Rei Alkoholfläsche geklaut. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.

Vermuttlech Abriecher konnten dann zu Léiweng vun der Police gestoppt ginn. An der Nuecht op e Méindeg hate sech dräi Persoune fir d'éischt an engem Gaart vun engem Eefamilljenhaus an der Rue de l'Eglise opgehalen an duerno  d'Klensche vun Autoen an der Rue de Peppange getest. D'Patrull vun der Police huet géint déi dräi Verdächteger Protokoll erstallt.

Och Autoe waren op en Neits vun Abréch betraff. Sou beispillsweis e Sonndeg de Moien an der Rue d'Esch zu Schëffleng, wou d'Täter ee Portmonni aus engem Auto klaue konnten. No Ermëttlunge vun der Police konnt de Verdächtege gestallt a protokolléiert ginn.

Ee weideren Déifstall aus engem Auto gouf et dann nach um Sonndegowend op engem Parking zu Hollerech. Hei goufen ënner anerem ee Portmonni a Kopfhörer matgeholl. D'Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

Um Site vun der Police fannt Dir Informatiounen an Tippen, wéi ee sech virun Abréch a virun Déifställ aus Autoe schütze kann.