
Den OGBL fuerdert dowéinst op en Neits, datt de Mindestloun eropgesat gëtt. Ënnert anerem dat wier nämlech eng Méiglechkeet fir den ongläiche Paien entgéint ze wierken. Well speziell an deene Beruffer, wou hei am Land majoritär Frae schaffen, géife ganz niddreg Léin bezuelt ginn, wéi am Botz- an am Horeca-Secteur.