GaasperechOffiziell Aweiung vun der neier Noutruffzentral

Anne Wolff
Monica Camposeo
Den 112 ass de wichtegsten Telefon am Land, dat war op der offizieller Aweiung en Dënschdeg ze héieren. All zwou Minutte rifft eng Persoun den Noutruff.
Offiziell Aweiung vun der neier Noutruffzentral
Den 112 ass de wichtegsten Telefon am Land, dat war op der offizieller Aweiung en Dënschdeg ze héieren. All zwou Minutte rifft eng Persoun den Noutruff.

Aweiung nei Noutruffzentral / Reportage Monica Camposeo

Schonn zanter e puer Deeg ginn d’Uriff vun hei entgéintgeholl. An dat ouni, dass d’Leit dobaussen eppes gemierkt hunn. All zwou Minutte schellt hei den Telefon - 5 Sekonne muss een an der Moyenne waarden, bis den Uruff entgéint geholl gëtt - all 7 Minutte gëtt en Asaz an d’Weeër geleet. Ma iwwer d’Hallschent dovunner sinn awer u sech net wierklech fir den 112 geduecht oder keen Noutfall. Ee Véierel vun den Uriff brauch en Asaz, déi meescht dovunner wéinst medezinesche Grënn. Aus deem Grond gëtt et lo nieft de fënnef Operateuren an all Schicht och en Infirmier, deen d’Ekipp betreit.

Gréisser Asätz kommen eng 20 Mol d’Joer fir. Mä och wärend esou Evenementer muss den Alldag nach assuréiert ginn. Dat geschitt da mat der Hëllef vun der Salle de débordement, wou de gréisseren Asaz geréiert gëtt, fir d’Noutruffzentral fir soss Uriff kënne fräi ze halen.

Wien an der Noutruffzentral wëll schaffe, muss zanter der Grënnung vum CGDIS 2018 eng Formatioun als Beruffspompjee maachen. Ma dat eleng geet awer net duer, erkläert de Christopher Schuh, Chef vun der Asazkoordinatioun: Et muss ee léieren, sech op dat ze verloosse, wat d’Leit engem um Noutruff soen an dann och déi richteg Decisiounen treffen. Dat ass en eegene Beruff, an dofir muss een och forméiert ginn. Mir haten och Leit, déi sech gemellt hunn an déi da vu sech aus soten, dat wier näischt fir si. Et muss ee multitasking an d’Kenntnis vun deene véier Sprooche matbréngen.”

D’Aarbecht um 112 gëtt och ëmmer méi digital, d’Haaptmissioun ass awer d’selwecht bliwwen. “Dat wichtegst ass, dass mir de Leit kënnen hëllefen”, esou de Jeannot Bausch, déngschteelste Chef de Salle vum 112.

An deem Sënn wiert ee sech beim 112 géint déi rezent Reprochë vun engem schlechten Aarbechtsklima. “Mir hu sécher net dat allerbescht Klima, ma d’Stëmmung ass gutt a si ass sécher net esou negativ wéi se dobaussen duergestallt gëtt”, huet de Jeannot Bausch weider erkläert. De Fonctionnement vun der Noutruffzentral wier net a Gefoer.

Back to Top
CIM LOGO