Si nenne sech “les colleuses anti-féminicides”. E Grupp Frae mat verschiddenen Nationalitéiten a verschiddenen Altersklassen, awer alleguer hu se eppes gemeinsam: Si hu méi oder manner Gewalt vu Männer erlieft. Wéi sou munch Fraen an eiser Gesellschaft. Dat geet vu verbaler Belästegung iwwer Vergewaltegung bis hin zum Féminicide, also der Ermordung vu Frae just opgrond vun hirem Geschlecht.
D’Colleuses anti-féminicides gi réischt eraus, wann et donkel ass. Vun der Däischtert geschützt, siche si sech Baustellen an al Maueren, wou si hir Affichen ophänke kënnen. Dorënner Spréch wéi “Je veux pouvoir sortir sans avoir peur” oder “On arretera de coller quand vous arreterez de tuer - violer - agresser”.

Zil ass et op e Sujet opmierksam ze maachen, deen hirer Meenung no ze vill ignoréiert gëtt: Mord u Fraen, just well et Frae sinn. Et géif zwar ëmmer méi iwwert Gewalt am Stot geschwat ginn, déi allgemeng Gewalt géint Fraen an d’Ëmbrénge vu Fraen, opgrond vun hirem Geschlecht géing awer verstoppt ginn.
Schonn dass vill Frae sech owes onsécher fillen, wa se eleng eraus ginn, ass en Zeeche fir de Problem, deen an der Gesellschaft awer gäre géing ignoréiert ginn.
Souguer wärend hiren Aktioune kritt de Grupp Fraen dës Gewalt ze spieren. Schonn e puer Mol sinn d’Colleuses wärend hirer Sortie vu Männer verbal agresséiert ginn. Dat well déi Männer sech vun de Spréch opstëppele gelooss hunn oder de Geck domat gemaach hunn. Fir d’Colleuses rëm eng Kéier de Beweis, dass eppes dogéint muss gemaach ginn.
Fir den Tabu endlech ze briechen, ass de Grupp Fraen och selwer bereet e Risiko anzegoen. Sou goufe si scho vun der Police ugehalen a kruten eng Plainte vun der Stad Lëtzebuerg wéinst Saachbeschiedegung. Dat well hir Affichen d’Mauere beschiedegt hätten. Dofir peche si hir Spréch elo méi op Baustellen. Do ass d’Ophänke vun Affichen nämlech net verbueden, sou “les colleuses anti-féminicides.”
Och wou mir de Grupp Frae begleet hunn, ass d’Police opgedaucht. Fir d’Colleuses e Risiko, dee si bereet sinn anzegoen. Och wann just eng eenzel Fra sech duerch hir Affichen ënnerstëtzt a verstane fillt, wier et der Wäert eng Amante ze riskéieren.