Wéinst de Wiederprognosen ëm 0 Grad gouf decidéiert, d'Wanteraktioun virzäiteg ze lancéieren.

Wanteraktioun/Reportage Fanny Kinsch

Domadder kréien d'Sans-abrien d'Méiglechkeet, an enger Struktur um Findel z'iwwernuechten. Zejoert hunn 1.800 verschidde Persounen op d'mannst eemol vun dëser Offer profitéiert.

Mat Flyere goufen d'Sans-abrien déi lescht Deeg iwwer informéiert, datt d'Wanteraktioun hir Dieren nees opmécht. Am Gebai vun der Wanteraktioun ass Plaz fir 250 Leit.

Am Ufank vun der Aktioun kommen all Nuecht tëscht 70 an 80 Leit. Duerno pendelt sech d’Zuel vun de Leit, déi vun der Offer profitéieren, bei 140 bis 150 an.

D'Wanteraktioun gëtt vun 3 Organisatioune geréiert. D'Caritas, d'Rout Kräiz an Inter Actions schaffen ënnert dem Numm Dräieck ASBL zesummen. Ma nach ganz vill aner Acteuren, Médecins du Monde, Stëmm vun der Strooss, Abrigado a Jugend an Drogenhëllef, ënnerstëtzen de Projet.

Viraussiichtlech ass bis den 31. Mäerz hei Plaz fir 250 Mënschen ouni Dag iwwert dem Kapp fir z'iwwernuechten. Et geet een dovunner aus, datt an den éischte Wochen eng 70 bis 80 Leit den Dag vun dëser Offer profitéiere wäerten an d'Zuel dann erop geet. D'Profil vun de Leit ouni Doheem huet sech duerch d'Pandemie verännert, seet de President vun der Dräieck ASBL, de Roger Faber.

"Mir hu ganz kloer gemierkt, déi Leit, déi sou kleng Jobben hunn an deelweis och schwaarz schaffen, datt déi hir Jobben verluer hunn deelweis, well se an der Restauratioun geschafft hunn an déi net méi fonctionéiert huet, där hate mer d'lescht Joer sécher méi wéi soss."

Déi lescht Deeg goufen d'Equippen zesumme gesat, déi an der Nuets- an an der Dagesstruktur schaffen, d'Botzpersonal an d'Sécherheetspersonal gouf organiséiert an d'Hygiènesproduiten preparéiert, seet d'Rachelle Olivero, Coordinatrice vum Dagesfoyer.

"D'Leit kréien all Owend Hygiènesartikelen, do hu mer zum Beispill eng Zännbiischt, mir hunn awer och Mouchoiren, wa se sech wéinst der Keelt e bëssen erkaalt hunn, dat heescht, déi kréie se dann all Owend, an en fonctioun vun hirem Besoin."

D'Gebaier um Findel selwer sinn am Fong ëmmer prett, seet d'Diana Pereira, Coordinatrice vum Nuetsfoyer.

"Mir sinn normalerweis eng Struktur déi op ass fir d'ganzt Joer, wann eppes wier. Wéi d'Iwwerschwemmungen, oder wann eppes Schlëmmes géing geschéien, ass d'Gebai ëmmer prett fir d'Leit opzehuelen."

D'Leit, déi nuets wëllen an d'Wanteraktioun schlofe goen, musse sech virdrun aschreiwen a kréien deen Ament och e soziale Suivi ugebueden a kënnen och bei aner Servicer weider orientéiert ginn. Wat d'sanitäert Konzept ugeet, kritt jiddereen deen erakënnt d'Temperatur gemooss, sou de President vun der Dräieck ASBL Roger Faber.

"Dat maachen déi Leit vun der Sécherheetsfirma, a wann een do driwwer läit, da gëtt e provisoresch isoléiert am Batiment B, en attendant, dass en e richtegen Test mécht, also d'Coordination de terrain versicht dann eben e Rendezvous ze maachen, fir datt déi Persoun kann en Test maachen, a wann den Test negativ ass, da kann e sou wéi sou erëm kommen, a wann den Test positiv ass, da muss en an eng aner Struktur."

Doriwwer eraus huet d'Wanteraktioun och Schnelltester - d'Leit kréien een op Nofro an 2 mol d'Woch ginn d'office Tester ugebueden.

Ouverture anticipée de la Wanteraktioun (19. November)

Communiqué par : ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région / Dräieck asblEn raison des prévisions météorologiques qui annoncent des températures autour de 0 degrés, le Ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région et son partenaire Dräieck asbl ont décidé de lancer prématurément l'Action Hiver (Wanteraktioun - WAK).

La WAK est une action humanitaire dont le but est d'éviter que des personnes sans-abri ne soient victimes d'hypothermie par période de grand froid. Elle se déroule dans la structure d'urgence multifonctionnelle au Findel et commence en principe le 1er décembre et se termine le 31 mars.

Le foyer de nuit sera ouvert dès mardi 23 novembre à partir de 19h15.

Le foyer du jour sera accessible aux bénéficiaires dès le 24 novembre à midi. L'organisation de l'hébergement et l'encadrement des bénéficiaires sont assurés par la Dräieck asbl qui assure la gestion de la WAK depuis le 1er janvier 2021. Cette association est constituée des trois organisations Caritas Luxembourg, la Croix-Rouge luxembourgeoise et Inter-Actions.

La coordination de terrain sera ouverte le 23 novembre pour les inscriptions des bénéficiares de 11h30 à 16h.