Virun e puer Méint gouf et annoncéieren, zënter en Dënschdeg ass et offiziell: de Romain Schneider an den Dan Kersch zéie sech zeréck.

LSAP Remaniement / Reportage: Annick Goerens

No 12, respektiv 8 Joer an der Regierung gi béid duerch de Claude Haagen an de Georges Engel ersat.

Béid LSAP-Ministere leeën am Januar hiert Mandat néier. Fir de Landwirtschafts- a Sozialminister Romain Schneider ass et déi politesch Pensioun. Hie géif dacks roueg no baussen ausgesinn, mee och fir hie wieren déi lëscht Méint relativ schwiereg gewiescht. Et wier un der Zäit, no der eegener Gesondheet ze kucken. Déi nei Kandidate wieren iwwerdeems och intresséiert, an den nächste Wale matzegoen, esou den LSAP Politiker – dat wier wichteg fir d'Zukunft vun der Partei. D'LSAP géif aktuell eng homogene Equipe presentéieren – et wier natierlech schued awer och schéin elo ze goen.

An der Landwirtschaft wier et dem Minister perséinlech nach wichteg, fir am Dezember de Plan stratégique op Bréissel ze schécken. De Romain Schneider huet domadder 27 Joer Politik hannert sech, dovunner 10 Joer als Buergermeeschter zu Wolz, 5 Joer als Deputéierten an 12 Joer an der Regierung.

De Vizepremier, Aarbechts- a Sportminister Dan Kersch zitt et zeréck an d'Chamber. Nofollger ass hei de Georges Engel. Mars di Bartolomeo an Dan Biancalana, déi nächst gewielten op der LSAP-Lëscht am Süden, wollten de Posten net iwwerhuelen.

Firwat elo? Wärend enger Pandemie? De Gedanken zum Récktrëtt wier scho méi laang do gewiescht – mee et fält schwéier, aktuell dat ze gi wat ee wéilt ginn, esou den Dan Kersch. Et bréicht ee responsabel Politiker, déi wéilten iwwer 100% erausgoen. Dat wier no 8 Joer och net ëmmer esou evident.

Eng nei Ressort-Opdeelung gëtt net envisagéiert. Fir den Deputéierten an Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen réckelt den 3.-Gewielte vun der LSAP-Lëscht, Carlo Weber vu Wëntger an d'Chamber no. Den Yves Cruchten wäert Fraktiounspresident ginn, dat niewent dem Posten als Parteipresident. Hie gouf eestëmmeg ugeholl. Den Dan Kersch wollt dëse Posten net iwwerhuelen, hie wäert einfach an d'Chamber goen a souzesoen dem George Engel seng Plaz do anhuelen.

Neie Vizepremier gëtt d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert. En Dënschdeg 8-Deeg soll de Conseil général LSAP iwwert dës Proposen ofstëmmen, en Dënschdeg gouf dëse convoquéiert.

De Replay vun der Pressekonferenz