Nach éier d'Geriicht d'Strof géint den US-Rapper wéinst Sexualdelikter wäert annoncéieren, huet den "Diddy" de Riichter gefrot, gnädeg ze sinn

"Haut bieden ech Iech, gnädeg mat mir ze sinn. Net nëmme wéinst menger, mä och wéinst menge Kanner", esou de Sean Combs an engem Bréif, deen hien un den US-Bundesriichter Arun Subramanian adresséiert huet. De Rapper hätt Angscht ëm säi Liewen an huet versprach "ni méi e Verbriechen ze begoen".

E Freideg wäert d'Geriicht zu New York d'Strof am Prozess géint de Combs annoncéieren. De Parquet fuerdert méi wéi eelef Joer Prisong fir de 55 Joer ale Rapper. Seng Defense freet maximal 14 Méint.

D'Uklo hat dem Rapper virgeworf, Frae duerch Menacen a Gewalt dozou ze zwéngen, bei Drogen- a Sex-Partien matzemaachen. E Geriicht zu New York hat hien dowéinst Ufank Juli wéinst Fraen zur Prostitutioun ze zwéngen verurteelt. An engem zweete Punkt, datt hien eng kriminell Vereenegung gegrënnt soll hunn, gouf de Combs fräigeschwat.

A sengem Bréif bedauert de Combs säi Virgoen. Hien eleng géif d'Verantwortung fir seng aktuell Situatioun droen, esou den US-Rapper. Schold u sengem Verhale wieren d'Drogen, d'Exzesser a seng "Selbstsucht" gewiescht. No engem Joer am bekannte Prisong zu Brooklyn wier hien awer "nei gebuer".

Ënner anerem ënnert dem Kënschtlernumm Puff Daddy, P Diddy an Diddy war de Combs an den 90er Joer ee vun den erfollegräichsten Hip-Hop-Museker vun der Welt.