Bei enger net ugemellter Demonstratioun géint d'Coronamesurë koum et zu Ausschreidungen um Chrëschtmaart a beim Premier sengem privatem Doheem.

Eng ganz Rei Politiker hunn op de soziale Medie reagéiert.

Politesch Reaktiounen op Maniff / Claudia Kollwelter

De grénge Vizepremier François Bausch schreift op Twitter, dat, wat sech virum Xavier Bettel senger Hausdier an um Chrëschtmaart ofgespillt hätt, wier net ze toleréieren.

Um Twitter-Account vun der CSV heescht et, et géing een zur Meenungsfräiheet an zum Recht ze manifestéiere stoen, ma dat géing ophalen, wa Privatpersounen an hirer Fräiheet bei sech doheem géinge viséiert ginn oder de Chrëschtmaart géing gestiermt ginn.

Och de Piraten-Deputéierte Sven Clement verurteelt Demonstratioune viru Privathaiser. Domat hätten déi Leit den demokrateschen Debat verlooss a wéilte just nach als Mob aschüchteren.

De Generalsekretär vun der LSAP Tom Jungen schreift iwwerdeems op Facebook, d'Biller hätten hie staark un d'Biller virum Haus vun der sächsescher Gesondheetsministesch erënnert. Et wier inakzeptabel an hätt näischt mat Manifestatiounsrecht ze dinn.

Fir de Mars Di Bartolomeo wier seng Toleranz do um Enn.

D'KPL huet d'Aggressivitéit op de Stroossen, um Chrëschtmaart a virun den Haiser vu Politiker e Méindeg och an engem Communiqué verurteelt. Wann d'Sécherheet an d'Gesondheet, ënnert anerem vu Kanner, duerch esou Aktioune gefährt géing ginn, wier d'Grenz vum "friddleche Protest" eendeiteg iwwerschratt.

Premier Bettel an aner Ministeren reagéieren

Och de Premier Xavier Bettel huet reagéiert. E Grupp Leit hat sech jo e Samschdeg den Owend viru senger Hausdier versammelt an haten ënner anerem mat réien Eeër geschoss. Wat sech an der Stad ofgespillt huet, kann a wéilt hien net akzeptéieren, heescht et a sengem Statement e Sonndeg de Moien.

"Meenungsfräiheet heescht net, datt ee Famillje mat klenge Kanner verängschtegen däerf, andeems ee Chrëschtmäert stiermt. Meenungsfräiheet heescht net, datt ee Mënschen agresséieren däerf, déi anerer Meenung sinn. Meenungsfräiheet heescht net, datt een den Holocaust verharmlosen däerf."

D’Familljeministesch Corinne Cahen, bei där hirem privatem Doheem dës Woch och schonn eng Demonstratioun war, gouf e Samschdeg iwwerdeems vun der Police gebieden, hiert Haus direkt mat hire Kanner ze verloossen.

"Esou eng Atmosphär, wéi et se e Samschdeg an der Stad gouf, hunn ech a menger ganzer Karriär nach net materlieft". Dat sot d'Lydie Polfer an enger Reaktioun op d'Ausschreidunge vun der Maniff géint d'Covid-Mesuren. Et hätt fir dës Manifestatioun keng Ufro ginn, also och keng Autorisatioun, betount d'Stater Buergermeeschtesch.

De Minister fir d'bannenzeg Sécherheet Henri Kox huet no den Tëschefäll betount, datt jiddereen e Recht op Meenungsfräiheet hätt, huet awer d'Sachbeschiedegungen an all Form vu Belästegung an Aschüchterungsversich op d'Schäerfst verurteelt.

"Keng Fräiheet, fir radikaliséiert Falschduerstellungen ze maachen"

De Chamberpresident Fernand Etgen seet, hien hätt näischt géint friddlech Demonstratioune virun der Chamber, ma e Samschdeg wier eng Grenz iwwerschratt ginn: "Et gëtt keng Fräiheet, fir radikaliséiert Falschduerstellungen ze maachen". Déi Leit géinge sech selwer gären als ënnerdréckte Minoritéit duerstellen, mee dat wier awer einfach falsch, esou de Chamberpresident.

"Alleréischtens mol, well hei Leit op Manifestatiounen zesummentreffen, déi och keng Gemeinsamkeeten hunn, mee zweetens, an haaptsächlech, ass mat der Instrumentaliséierung vun de schlëmmste Momenter aus der europäescher Geschicht eng rout Linn kloer iwwerschratt ginn. Et ass eng Frechheet a parfaitement inacceptabel, dass Verschiddener vun deenen, déi net wëlle mathëllefen, d'Pandemie ze bekämpfen, sech als Minoritéit duerstellen an och nach explizitt Nazivergläicher maachen, wéi wann si Opfer wieren. D'Fräiheet fir ze demonstréieren, ass hei am Land integral. Eng Fräiheet, fir radikaliséiert Falschduerstellungen ze maachen, gëtt et net an dat muss poursuivéiert ginn an dat muss jiddefalls Konsequenze kréien."

Drop ugeschwat, datt mat der Sylvie Mischel och d'Member vun enger an der Chamber vertruedener Partei, der ADR, op dëser Demonstratioun war, sot de Fernand Etgen:

"D'Chamber huet an de leschten 2 Joer eis Demokratie stabil gehalen a wäert dat och weiderhi maachen andeems, dass se eng stabil Plattform duerstellt, fir e politeschen Debat, wou all déi gewielte Volleksvertrieder sech fräi kënnen ausdrécken a mat der Regierung zesummeschaffen, fir duerch d'Kris ze kommen. Fir d'Chamber ass et am Fong geholl wichteg, fir op déi argumentativ Ausernanersetzung, fir dorop z'insistéieren, an dat wäerte mer op jidder Fall maache mat alle Kräften. Mir hu 7 politesch Parteien an der Chamber vertrueden a mir hunn et bis elo nach ëmmer fäerdeg bruecht, keng extrem Oppositioun ze hunn an ech hoffe wierklech instänneg, datt mer dat och an der Zukunft fäerdeg bréngen."

ADR-Parteipresident verdeedegt d'Sylvie Mischel

D'Sylvie Mischel wier als privat Persoun do gewiescht an hätt sech kloer distanzéiert zu deem, wat geschitt wier. Dat betount den ADR-Parteipresident Jean Schoos am RTL-Interview:

"Si huet e Recht ze manifestéieren, wéi jidder Lëtzebuerger, jidder Mënsch hei zu Lëtzebuerg ka wéi si do mat manifestéiere goen, an am Ufank war déi Manifestatioun jo och sécher als friddlech Manifestatioun geduecht an dass jo och guer näischt, wat een dogéint soe kann. Dass et dunn ausgeaart ass, dovun huet se sech distanzéiert, do gëtt et weider näischt ze soen.”

Och de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun reagéiert op d'Virfäll vun e Samschdeg an der Stad. Et wieren kloer Limitten depasséiert ginn, wat net ginn higeholl ginn - absënns mécht sech de Gilbert Pregno Suergen iwwert den Zesummenhalt an der Gesellschaft.

Fir hie wieren d'aktuell Covid-Restriktiounen an d'Aféiere vum 2G- an 3G-Modell logesch Konsequenze fir d'Leit zum impfen ze kréien. Et géif natierlech awer en Deel vun Net-Vaccinéierte bleiwen, déi wuel net z'iwwerzeege wieren.

D'Manifestatiounen, déi zum Deel debordéiert waren, si fir de Gilbert Pregno en Afrostelle vun der politescher Autoritéit, wat geféierlech Konsequenze kéint hunn. Wann dëst zu Veruechtung géif féieren, wier dat e Virgang, deen dem President vun der Mënscherechtskommissioun akut Suerge mécht.

Weider Reaktioune vun der Fondatioun fir d'Memoire vun der Shoah a vum Resistenzmusée

D'Fondatioun fir d'Memoire vun der Shoah verurteelt d'Tëschefäll, déi et e Samschdeg wärend der Manifestatioun an der Stad goufen. Et wieren inakzeptabel Amalgamme gemaach ginn, heescht et an engem Schreiwes. D'Referenzen op d'Nazi-Period an de Gebrauch vum Juddestär wieren ze verdamen. Un d'Autoritéiten ass et den Appell, alles drun ze setzen, fir datt sou eppes sech net widderhëlt.

De Musée national de la résistence huet en Dënschdeg op d'Virfäll an der Stad reagéiert an ass ënnert anerem op d'Parallellen agaangen, déi verschidde Leit tëscht der aktueller sanitärer Lag an dem Zweete Weltkrich zéien. Dëst géing op "engem flagrante Mangel un historesche Kenntnisser" baséieren oder "op enger bewosster Verfälschung an Instrumentaliséierung vun der Geschicht". Vergläicher mam Zweete Weltkrich wieren "ongeheierlech géintiwwer allen Affer vum NS-Regime". Et wier net acceptabel, wa sech Leit géingen als Affer verkafen, nodeems se sech d'Recht geholl hätten, anerer anzeschüchteren, Ministeren ze bedreeën oder de Chrëschtmaart ze stiermen, sou nach de Resistenzmusée an hirem oppene Bréif un déijéineg, déi un de Manifestatiounen e Samschdeg deelgeholl hunn.