Déi meescht Leit op der Maniff waren och ouni Masken ënnerwee an hu keng Distanze respektéiert.

E puer Dausend Leit hunn de Samschdeg de Mëtteg an der Stad géingt d'Covid-Politik vun der Regierung manifestéiert. Iwwer d'Sozial Medien war opgeruff ginn, sech ze mobiliséieren. D'Decisioune géifen ëmmer méi d'Gesellschaft splécken an d'Politik géif elo mat den neie Mesureë ganz Existenzen op d'Spill setzen.

Fir Lëtzebuerger Verhältnisser war d'Stëmmung de Samschdeg de Mëtteg an de Stroosse vun der Haaptstad ugespaant. Vum Glacis, iwwer d'Kinnekswiss, dem Boulevard Royal, bis an d'Häerz vun der Stad era gouf de Cortège vu Kilometer zu Kilometer ëmmer méi impressionant. Um Enn waren e puer Dausend Manifestanten op de Been. Am Viséier stoung d'Politik vun der Regierung. Verbal ugegraff gouf och d'Press, déi mam Pouvoir collaboréiere géif.

Op der Kinnekswiss hu verschidde Leit d'Wuert ergraff. Konkreet perséinlech Suerge goufen thematiséiert. Zum Beispill a Relatioun mat der Aarbecht. Et géif d'Gefor bestoen, datt net geimpfte Leit hir Famillen net méi ernäre kéinten.

"Eng Minoritéit dierft sech net méi op d'Terrass setzen. Dierft net méi an de Restaurant. Kann net méi deenen Hobbyen nogoen, wou se deelweis e Liewe laang konnten ausüben. Eng Minoritéit gëtt geziilt diskriminéiert, ausgegrenzt, schikanéiert an erpresst.", esou ee vun den Initiateure vun der Marche an de Soziale Medien.

Déi nei Reegele vun der Regierungen droen ouni Zweiwel derzou bäi, datt d'Nervositéit zouhëlt, den Toun méi schaarf gëtt. D'Gesellschaft géif gespléckt. D'Leit, déi sech impfe loossen, ginn op enger Maniff wéi dëser als Schof ugesinn, déi hannert der Politik vun der Regierung hierlafen. Aner Denkweise géifen d'Office dout geriet, ignoréiert.

Duerno waren d‘Manifestanten op der Place d‘Armes virum Cercle. D‘Stëmmung war fir Lëtzebuerger Verhältnisser deels opgelueden. De Chrëschtmaart op der Plëss an och op der Gëlle Fra goufen zäitweis zougemaach, dat hues eis e Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg confirméiert, well d‘Manifestanten de CovidCheck net respektéiert hunn.

E Grupp vun e puer honnert Leit war duerno och weider vun der Uewerstad Richtung Gare a Bouneweg getrëppelt. Den Trafic an och d'Tram war doduerch deels zolidd blockéiert. D'Manifestante sinn dann och zu Bouneweg virun d'Haus vum Premier Xavier Bettel gaangen, fir do ze manifestéieren. De Mann vum Premier Bettel, den Gauthier Destenay, huet op Instagram Biller vun de Manifestanten virun hirem Haus gepost. Dorop gesäit een dann och, dass Eeër widder d'Fassade vum Premier gehäit goufen an och een Auto, deen an der Strooss stoung, gouf zerkraazt.

D'Demonstranten haten zum Deel Plakater, op deenen d'Regierung mat den Nazie verglach gouf an op deenen de Juddestär mat de Wierder "sans vaccin" ze gesi war. Am Virfeld vun der Demonstratioun waren och scho Flyeren am Internet zirkuléiert, déi zu enger "Mobilisation générale" um Glacis opgeruff hunn an op deenen d'Frisur vum Adolf Hitler ze gesi war mat engem QR-Code als Schnurres. Op der Manifestatioun waren awer och ënnert anerem d'adr-Politikerin Sylvie Mischel an den Dokter Benoît Ochs, dee vu sengem Beruff suspendéiert gouf, well e Covid-Patiente mat Medikamenter behandelt huet, déi net zougelooss waren.

Matdeelung vun der Police

D'Police geet vu ronn 2.000 Manifestanten aus, déi sech mobiliséiert haten. D'Demonstrante wieren ufanks friddlech gewiescht, géint 15.30 hätt sech dat awer deels geännert. Bei der Gëlle Fra hätte si Ofspärgittere lassgemaach, wieren driwwer geklotert oder hätte se ëmgeheit, fir esou op de Chrëschtmaart ze kommen. D'Gittere wieren och geheit ginn.

No Récksprooch mat der Buergermeeschtesch gouf de Chrëschtmaart zougemaach, well de CovidCheck net méi kontrolléiert konnt ginn.

Um Enn heescht et vun der Police, datt een natierlech e Recht hätt, seng Meenung ze äusseren, ma et géif ee muttwëlleg Zerstéierunge vu privatem Eegentum schaarf verurteelen.