Iechternacher Park nach ëmmer a schlechtem Zoustand
5 Méint no der Héichwaasserkatastroph ass de Park zu Iechternach nach ëmmer an engem ganz schlechten Zoustand.
D'Gemengeresponsabel wollte séier reagéieren. D'Ekippen hunn ugefaangen de Park nees op Heichglanz ze bréngen. Séier gouf hinnen awer de Wand aus de Seegele geholl. D'Gemeng gouf administrativ gestoppt. De 5. Oktober goung e Bréif un déi zoustänneg Instanzen - de Kulturministère a Site et Monuments. Zanterhier waarde si zu Iechternach op eng Äntwert, fir d'Reparaturaarbechten däerfen ze maachen. Dobäi kënnt, datt de Park dem Lëtzebuerger Staat gehéiert.
An dësem Park mat sengem Pavillon aus dem Joer 1761 ginn Touristen an Awunner gäre spadséieren, fir sech vum deegleche Stress z'erhuelen. Den Ament gëtt de fréiere Klouschterpark en trauregt Bild of. Mini-Golf an Tennis spillen ass net méiglech.
Nom Héichwaasser gesinn dës 2 Plaze katastrophal aus. De Schued beleeft sech op geschate 400.000 Euro.