De Mathias Schiltz ass am Alter vun 92 Joer gestuerwen

Mam Doud vum Mathias Schiltz verléiert d'Lëtzebuerger Kierch eng vun hire markantste Perséinlechkeeten.
An der Nuecht op en Dënschdeg ass de Mathias Schiltz gestuerwen, dat huet d'Famill eis confirméiert.
De laangjärege Generalvikar ass am Alter vun 92 Joer an der Stad verscheet. Wärend iwwer dräi Joerzéngte war de studéierten Theolog am Äerzbistum an där Charge, bis hien 2011 an d'Pensioun gaangen ass. Donieft war de Mathias Schiltz Chanoine Titulaire vun der Kathedral tëscht 1976 an 2012.
Gebuer gouf de Geeschtlechen den 1. Mee an der Stad, wou hien op der Gare seng Kandheet verbruecht huet. No den Etüden am Seminaire 1958 gouf hie vum Bëschof Léon Lommel zum Priister geweit. An Zäite vun déiwen Ëmbréch fir d'Kierch huet de Mathias Schiltz an de 60er wärend dem 2. Vatikanesche Konzil seng Etüden zu Paräis am Droit Canonique an der Liturgie weider gefouert.
Natierlech huet de Mathias Schiltz och d’Trennung vun de Kierchen an dem Staat materlieft an hat seng Meenung dozou. Hei en Extrait aus der Emissioun "Background" vun 2016, wéi de Geeschtlechen den Invité war:
De Mathias Schiltz huet zesumme mam André Heiderscheid och d'Medielandschaft am Grand-Duché markéiert, well hien tëscht 1987 an 2012 President vum Verwaltungsrot vum St. Paul Grupp war, deen deemools d'"Lëtzebuerger Wort" publizéiert huet.
Ee vun den Héichpunkten an der Karriär vum Mathias Schiltz war sécherlech och d'Poopstvisitt vum Jean-Paul II am Joer 1985, déi hien zesummen deemools mam Mil Majerus organiséiert hat.
Bis an den héijen Alter huet de Mathias Schiltz theologesch Meenungsartikele verfaasst a publizéiert, absënns och iwwert de sozialen Zesummenhalt vun der Gesellschaft.