Wéi vill Leit schaffen am Bausecteur, wéi ass et mat de Faillitten? D’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos wollt Detailer an enger parlamentarescher Fro wëssen.

De Secteur hat an de leschte Jore méi lues gedréint. Wou si mir entretemps drun?
 
Tëscht 2020 an 2024 goufe knapp 76.794 Notairesakte fir Immobilie beim Enregistrement enregistréiert. Dovunner waren am Ganzen eng 32.529 Akte fir de Verkaf vun existente Logementer a knapp 11.276 Notairesakten am VEFA-Beräich, dat si jo Wunnengen, déi scho geplangt awer nach net fäerdeg gebaut sinn. An der éischter Hallschent vun dësem Joer waren et 7.366 Notairesakte fir Immobilien, 4.193 Notairesakte bei bestoende Logementer a 757 am VEFA-Beräich, déi enregistréiert goufen. Dat ass e Plus vun iwwer 112% bei de VEFAen.
 
Bei de Baugeneemegunge waren 2023 a 24 méi schwaach Jore, wat d'Logementer ugeet. Zejoert gouf et 4025 Baugeneemegunge fir Logement. Och 2025 annoncéiert sech net terribel, mat 1579 Autorisatioune fir déi éischt 6 Méint. Par Konter waren 23, a besonnesch 2024 ganz staark Transformatioune gefrot. 2024 waren et 12.223 Autorisatioune fir Transformatiounen. 2020 waren et der manner wéi 5.000.
 
De Vizepresident vun der Handwierkerkammer Paul Nathan hat am August am RTL-Interview behaapt, datt 2024 ronn 4.600 Aarbechtsplazen um Bau verschwonne sinn. Wéi ass do d'Entwécklung? Dat wollt d'ADR-Deputéiert an hirer parlamentarescher Fro wëssen. D'Ministere Meisch, Delles a Roth ginn an der Äntwert keng Prezisiounen zu 2024. 2023 hätten 52.357 Leit am Beräich "Construction" geschafft, dat sinn der knapp 600 manner wéi d'Joer virdrun. 2023 sinn 306 nei Betriber gegrënnt ginn. Bei de Faillitten am Bau gouf et der 2023 mat 160 kloer méi wéi déi Jore virdrun an d'lescht Joer der souguer 200.