Am Laf vum drëtten Trimester 2025 hunn 248 Betriber Faillitte deklaréiert an 38 Betriber goufe liquidéiert.

D’Zuel vun de Faillitten ass am drëtten Trimester 2025 zeréckgaangen am Verglach mat zejoert. 248 géintiwwer 261, also -5 Prozent.

Iwwer déi éischt néng Méint vum Joer 2025 ass d’Zuel vun de Faillitten awer liicht geklommen, dat ëm 1,6 Prozent (828 géintiwwer 815 tëscht Januar a September 2024). Dës Tendenz bleift änlech mat engem Plus vun 1,8 Prozent, wann een Holding-Gesellschaften a Fongen ausschléisst.