An 12 Méint sinn d’Präisser vu Materialie wéi Holz, Stol an Eisen extrem an d’Luucht gaangen. Eng Entspanung vun der Situatioun schéngt net a Siicht.

Déi nei Corona-Variant mécht Suergen. D’Demande depasséiert a ville Beräicher ëmmer nach d'Offer. An domat wäert soubal nach net Schluss sinn.

Enkpäss bei Baumaterialien / Rep. Diana Hoffmann

Et sinn ëmmer nach de Bausecteur an d’Automobilbranche, déi am stäerkste mat Enkpäss vu Materialien ze kämpfen hunn. De Präis fir d’Holz ass tëscht August zejoert an August vun dësem Joer ëm 84 Prozent an d’Luucht gaangen, beim Eise waren et 55 Prozent. Et schéngt, wéi wann d'Präisser vun den eenzele Matières premières sech den Ament stabiliséiert hätten, seet de Generalsekretär vum Groupement des Entrepreneurs, de Pol Faber. Dat awer op ganz héijem Niveau.

Am meeschte vun de Penurien, an domat vun de Präishaussë betraff, sinn de Bausecteur an den Automobilsecteur. Eigentlech alles, wat mat Mechanik ze dinn huet. "Et ass een an enger exzeptionell Situatioun, déi engem Suerge mécht", seet de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers, den Tom Wirion.

Dat wier eng Situatioun, déi een an där Form schonns laang net méi gehat hätt. D’Offer gëtt méi deier, d’Demande ass trotzdeem ëmmer nach do. D’Optragsbicher am Bau wiere gutt gefëllt. Déi nei Kontrakter géingen awer ëmmer méi deier ginn, soudatt de Client méi bezuele muss. Datt d'Präishaussen op dësen ofwälzt ginn, wier net z'erwaarden, ënnersträicht den Tom Wirion. Éischter datt déi supplementär Fraise géingen opgedeelt ginn.

Nëmme wéineg Chantiere lafen den Ament normal. Stop and go, well Materialie feelen, wier eng nei Normalitéit. D'Nofro no Holz a Stol um Weltmarché bleift héich, fir Retarde wéinst Confinementer opzehuelen. Holz aus Europa geet an Amerika, Stol a China, wéi de Pol Faber erkläert. Iergendwann, sou seng Aschätzung, wäert de Marché sech awer erëm apendelen. Fir datt dat geschitt, bräicht een awer eng gewësse Previsioun. En Ëmstand, deen den Ament mat den neie Corona-Varianten net ginn ass.

An de leschte Méint wieren d’Präisser vun de Matières premières liicht erofgaangen, betount den Tom Wirion nach. Besuergt hätt een elo d’Augmentatioun vun den Energiepräisser am Bléck. Dës wäerte wuel scho mëttelfristeg Repercussiounen op de Präis vum Plastik hunn.