
Zu Uespelt ass géint 21.45 Auer en Auto an e Gruef gaangen. D’Automobilistin gouf ageklemmt an huet missten aus dem Gefier befreit ginn. Si, wéi och déi dräi aner Leit aus dem Auto, goufe vum Rettungsdéngscht behandelt. D’Automobilistin koum dono an d’Spidol.
Zu Déifferdeng, Esch an um Houwald goufen dann 3 Chaufferen erwëscht, déi ze déif an d’Glas gekuckt haten. Hir Permise ware fort. Da mellt d’Police nach, datt zu Bartreng, Mutfert, Uewerkuer an um Kierchbierg an Haiser agebrach gouf.
Den 112 mellt fir de Mëttwoch de Moien zwee Accidenter. Géint 10 Auer huet et op der A13 tëscht Keel a Schëffleng gerabbelt. Zwee Ween sinn do kollidéiert an zwou Persoune goufe verwonnt.
Géint 10.20 Auer sinn zu Izeg an der Konter Strooss zwee Autoen aneneegerannt. Hei notéiert de CGDIS ee Blesséierten.
E Mëttwoch de Mëtteg krute sech zu Bartreng an der Rue du Puits Romain 3 Gefier ze paken. De Bilan war hei ee Verwonnten.