Coronavirus zu LëtzebuergNees Héchstwäert mat 1.230 Neiinfektiounen, ee weideren Doudegen

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 912 läit.
© RTL

E Mëttwoch gouf den Héchstwäert bei den Neiinfektiounen vum Dënschdeg ëm 177 Fäll iwwertraff. Aktuell si 66 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 Patienten op der Intensivstatioun. Eng Persoun ass e Mëttwoch a Verbindung mam Virus gestuerwen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.064.760 Impf-Dosisse genotzt. 7.749 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 193 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 194,15 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,39. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO