Bis ewell si bal 40 Milliounen Euro un "Oeko-Service Lëtzebuerg" gefloss. An dat ouni Rechtsgrondlag, sou de Piraten-Deputéierte Sven Clement.

Superdreckskëscht ouni legal Basis / Rep. Diana Hoffmann

RTL-Informatiounen no huet de Kontrakt, deen den Ëmweltministère 2018 mat "Oeko-Service Lëtzebuerg", dem Bedreiwer vun der SuperDrecksKëscht fir ronn 10 Milliounen Euro d'Joer ofgeschloss huet, keng legal Basis. Dat geet aus 2 juristeschen Avisen ervir, déi e Méindeg der zoustänneger Kommissioun presentéiert goufen. De Kontrakt soll iwwer 10 Joer lafen. Bis haut si scho bal 40 Milliounen un "Oeko-Service Lëtzebuerg" gefloss. Dat Ganzt ouni Rechtsgrondlag, well de Kontrakt potentiell net gëlteg ass, seet de Piraten-Deputéierte Sven Clement am Interview.

Bei Kontrakter vun iwwer 40 Milliounen, déi de Staat ofschléisst, ass e sougenannte Spezialgesetz gefuerdert. Dat ass och de Fall, wann de Kontrakt iwwer eng länger Zäit leeft. Konditiounen, déi d'Konventioun tëscht "Oeko-Service Lëtzebuerg" an dem Ëmweltministere erfëllt. E Spezialgesetz gëtt et awer net. Soss hätt et nämlech och en Debat an der Chamber doriwwer ginn, wéi de Piraten-Deputéierte Sven Clement erkläert. Ouni dat Spezialgesetz hätt d'Regierung sech der parlamentarescher Kontroll entzunn.

D'Commission du Contrôle de l'exécution budgétaire vun der Chamber hat de juristeschen Avis zu der Konventioun an Optrag ginn. Virgeluecht gouf ee vun der Cellule scientifique an der Chamber, an en zweete vun engem onofhängegen Affekot.

Eréischt am September zejoert gouf et en Audit bei "Oeko-Service Lëtzebuerg". An éischter Linn goung et deemools dorëms, wou d'Geld vum Staat hifléisst. Eng Rëtsch Dysfonctionnementer ware festgehale ginn. Am Verglach zu deem Verstouss, deen elo opgedeckt gouf, wieren dat awer bal Klengegkeete gewiescht, mengt de Piraten-Deputéierten. Do wier een nämlech nach dovun ausgaangen, datt dat Ganzt nach eng legal Basis hätt. Ouni Rechtsgrondlag wieren d'Kontrakter elo ongëlteg.

D'Fro, déi sech elo stellt, ass, ob d'SuperDrecksKëscht an där Form a mat deem Prestataire ka weidergefouert ginn. An och, wie fir déi Payementer an der Vergaangenheet responsabel war. Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet sech nächste Méindeg nach eng kéier Rendez-vous ginn, fir iwwert d'Suitte vun den Avisen ze schwätzen, dës Kéier zesumme mat der Ëmweltkommissioun an der Ëmweltministesch. En Avis, deen den Ëmweltministère zu der Konventioun gemaach hat, wier iwwerdeems zu enger anerer Conclusioun an der Affär komm.

Ëmweltministesch reagéiert

Wann eppes haut mam Gesetz net méi stëmmt, wäerte mer natierlech nobesseren... d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview op den neien Ament am Dossier «SuperDrecksKëscht» reagéiert.

Et geet dës Kéier ëm de Finanzement. De legale Kader, deen et gëtt, géif net duer goe fir déi ëffentlech Finanzéierung vun der Aktioun «SuperDrecksKëscht» ze justifiéieren. Dat ass d’Haaptconclusioun vun engem juristeschen Avis vun der Cellule scientifique vun der Chamber, deen d’Budgetskontrollkommissioun gefrot hat. E Méindeg kruten d’Deputéiert dee virgestallt.

Et geet ëm e Gesetz vun 2005. Wann no Analyse an no haiteger Lecture dat Gesetz net sollt als Basis duergoen, da reagéiere mer natierlech, seet déi gréng Ëmweltministesch. Et misst een elo awer mol a Rou d’Avise kucken. D’nächst Woch soll eng Diskussioun sinn an der Kommissioun an da géif een, wann néideg, natierlech direkt dorobber reagéieren, sou d’Carole Dieschbourg.

Si präziséiert, datt dat do och aner gréisser mehrjäreg Servicer oder Kontrakter, déi de Staat huet, kéint concernéieren.

Egal wéi ginn et weider Onrouen an Diskussiounen ëm d’SuperDrecksKëscht. Dat hei wär awer elo eng juristesch Fro an et géif manner ëm politesch Choixe goen, äntwert dorobber d’Ministesch.

Wann Dossieren an der Diskussioun sinn, géif och ëmmer alles gekuckt ginn. Dat wär eng ganz normal Saach, wou d’Chamber hir Aufgab vu Kontroll géif ganz Eescht huelen an dat géif si och richteg a ganz gutt fannen, seet d’Carole Dieschbourg.

Reaktioun CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen

Den Avis iwwert d’Finanzéierung vun der SuperDrecksKëscht soll fir jidderee public gemaach ginn. Dat huet d’CSV-Fraktiounspresidentin en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber gefuerdert. Deen Avis stellt jo déi legal Basis vun der Aktioun SuperDreckskëscht an der aktueller Form komplett a Fro.

E Méindeg hätt de Chamberbüro decidéiert, datt déi ganz Regierung an all Deputéierten den Avis géife kréien. Op Drock vun déi Gréng wär awer festgehale ginn, datt den Avis bis nächste Méindeg, wou weider diskutéiert gëtt, misst streng vertraulech bleiwen.

Dofir wär si – bildlech geschwat – bal vum Stull gefall, sou d’Martine Hansen, wéi se en Dënschdeg um Radio héieren hätt, datt de Co-President vun déi Gréng Meris Sehovic schonn Abléck an d’Dokument gehat hätt. Déi Gréng géife sech net un dat halen, wat se vun anere fuerderen, beklot sech d’CSV-Deputéiert. Dofir wéi gesot d’Fuerderung, datt den Avis fir jidderee verëffentlecht gëtt.