Moossname fir méi Wunnraum an Hëllefe fir Keefer a Leit, déi lounen
© Archivblid
D’CSV huet de Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz Moossname fir méi Wunnraum presentéiert an Hëllefe fir Keefer a Leit, déi lounen.
An deene leschten 10 Joer hu sech d'Präisser vun den Immobilien zu Lëtzebuerg verduebelt. Op enger Pressekonferenz huet d'CSV hir Mesurë rappelléiert a presentéiert, fir géint de Logementsproblem hei am Land virzegoen. Leit, déi lounen oder eng éischt Wunneng kafen, sollen da besser ënnerstëtzt ginn.
Am Dossier Logement geet et net séier genuch virun an an déi falsch Richtung, dat war de Mëttwoch de Mëtteg de Constat vun der CSV. D'Prozeduren, déi am Pacte Logement 2.0. virgesi sinn, wieren ze schwéierfälleg. Fir d'Gemenge wier et elo ëmsou méi ëmständlech, nei Wunnengen ze bauen, fënnt de Wunnengsbau-politesche Spriecher a Buergermeeschter vun Hesper, de Marc Lies.
"Amplaz méi Hürden opzebauen, soll en Entschlake vun de Prozedure kommen. Dofir d'Propos, datt eng Vereinfachung vun de Prozedure muss ëmgesat ginn, fir méi séier kënne Bauprojeten och bannent dem Perimeter kënnen ëmzesetzen."
Och am Kader vum Naturschutzgesetz missten Upassunge gemaach ginn, wann et bannent dem Perimeter ass. Fir méi ze Baue géingen déi ëffentlech Bauträger Fonds du Logement an SNHBM zwar hiert Bescht maachen, mee dëst géing bei Wäitem net duergoen.
"Soudatt mer de privaten Investisseur onbedéngt musse mat an d'Boot vun deenen erschwéngleche Mietwunnenge musse mat eranhuelen. Do ass am Juli e ganz detailléierte Projet de Loi deposéiert ginn."
De Bauperimeter soll doriwwer eraus op deene Plazen opgemaach ginn, wou et Sënn mécht. Déi nei Co-Parteipresidentin Elisabeth Margue huet d'Propose vun der CSV virgestallt, fir d'Lag um Immobiliëmarché ze verbesseren.
"De bëllegen Akt vun 20.000 op 50.000 eropzesetzen, sou wéi mer dat scho proposéiert haten. D'TVA Logement unzepassen op 100.000 Euro an dann natierlech och eng Mesure, fir d'Spekulatioun e bëssen anzegrenzen, datt ee vum Demi-Taux global réischt no 5 Joer kéint profitéieren. An net sou wéi dat am Moment de Fall ass no 2 Joer, wann ee verkeeft."
De Staat kritt schliisslech duerch Transaktiounen um Wunnengsmaart, also d'Droits d'enregistrement an deels d'TVA, wa gebaut gëtt, Suen eran. D'Avantagë fir Éischt-Keefer wieren awer trotz de Präisser, déi geklomme sinn, ni ugepasst ginn.