De Jean-Patrick Barboza an de Yannick Müller hunn d'Visioun vun enger besserer Zukunft, virun allem, wat proppere Stroum ugeet.

Si hunn d'Wandmillen zwar net nei erfonnt, mä eng innovativ Eolienne - eng Millen, déi Stroum produzéiert, an dat och bei ganz wéineg Wand.

Zanter 5 Joer zerbrieche si sech de Kapp, wéi se hir Wandmille verbessere kënne , ma haut ass d'Entwécklung op deem Punkt, dass et elo eescht gëtt fir déi 2. De Prototyp ass elo fäerdeg an elo heescht et ze kucken, wéi se hir Iddie vermaarte kënnen.

Net fir näischt wunnt a lieft de Jean-Patrick zu Klierf um Camping, dëst erméiglecht et him, fir niewent senger normaler Aarbecht all eenzelen Euro a säi Projet ze stiechen. An domadder net genuch, elo ass et un der Zäit fir en Investisseur ze fannen a fir a Produktioun ze goen.

Den Ament ass hir Wandmillen nach aus Test-Zwecker op enger Remorque installéiert, herno soll se awer anzwousch aneschters hiren Déngscht erleedegen, an zwar op Pilieren oder Diecher vun Haiser an anere Gebaier.

Deenen zwee Tüftler no ass de Jean-Patrick den Ingenieur vun hirer Eolienne, de Yannick këmmert sech elo ëm dat finanziellt. Fir déi zwee war et wichteg, dass een den Entretien vun hirer Wandmillen herno selwer maache kann, well all eenzelt Stéck austauschbar ass.

Déi zwee si fest dovunner iwwerzeegt, dass wa se finanziell ënnert d'Äerm gegraff kréien, et sech dann nëmmen nach ëm Méint handele kann, bis se a Produktioun ginn. Hiert Zil ass klipp a kloer, kleng ufänken a sech da lues a lues ze vergréisseren.

Wie weess, iergendeng Kéier an der Zukunft si mer da villäicht op eisem Daach vum Haus doheem mat enger Barboza Müller Wandmillen equipéiert.