
E Sonndeg decidéieren d’Fransousen, wien neie President gëtt: Emmanuel Macron oder Marine Le Pen? Mir hunn de Bols bei de Leit zu Lëtzebuerg gefillt.
E Sonndeg entscheet sech, wien de President oder d’Presidentin, vu Frankräich wäert ginn: den Emmanuel Macron oder d’Marine Le Pen. De Macron aus der politescher Mëtt géint seng Kontrahentin aus dem rietse Lager. Hir Positioune kéinten a verschiddene Beräicher net méi verschidde sinn. Et geet ënner anerem ëm d’Kafkraaft vun de Fransousen, ëm d’Relatioune mat der Europäescher Unioun an ëm den Ëmgang mat de Migranten. D’Sabrina Backes war e Freideg an der Stad ënnerwee an huet sech e Bild vun der Stëmmung bei de Leit gemaach.
Zanter 2017 ass den Emmanuel Macron um Pouvoir. Wann et verschiddene Leit nogeet, wier de Politiker vun der liberaler Partei République en Marche dacks net genuch volleksno gewiescht:
“Il n’a pas fait l’unanimité pendant sa campagne et son mandat. Il s’est beaucoup battu sur son image d’arrogance mais surtout sur celui du président des riches et des finances.”“Ech mengen den Emmanuel Macron huet eng zimmlech liberal Politik gemaach, wat e bëssen ontypesch fir Frankräich war. Awer och eng ganz proeuropäesch, wat och gutt war.”
“Hien ass eng Figur, déi awer relativ ëmstridden ass, soen ech mol, well en awer relativ streng ass an net onbedéngt op déi giel Westen agaangen ass, dat heescht, et gi Leit, déi fannen, datt en net genuch am soziale Beräich mécht.”Genee wéi et och bei de viregte Presidentiellen de Fall war, trëtt hie géint d’Marine Le Pen un. D’Kandidatin vum rietse Bord gëtt mëttlerweil als manner extrem beschriwwen, mee kann een hir dat och gleewen?
Obschonns de Macron an den aktuellen Ëmfroe vir ass a sech och d’Leit virum RTL-Mikro fir den amtéierende President ausgeschwat hunn, gëtt sech dacks gefrot, wéi eng Changementer et géinge ginn, wann de Rassemblement National un de Pouvoir kéim:
“Oh mei, ech denken, wann eng Extrême droite do de pouvoir kritt, da wäert sech relativ vill änneren. Mee natierlech muss d’Bevëlkerung do matmaachen. Wann d’Gesellschaft net matmécht an do en Opstand ass, da kréie se net dat ëmgesat, wat se sech virstellen.”
“Notre position dans l’union européenne sera extrêmement affaiblie. Je pense qu’étant une femme ce serait assez catastrophique parce qu’elle a des positions extrêmement sexistes.”
Am Gespréich mat de Leit huet sech och erauskristalliséiert, datt der vill de Macron just géinge wielen, fir eben net dem Marine Le Pen den Troun ze iwwerloossen. Dat weist, datt sech verschidde Saachen ännere missten, fir datt de Macron erëm un Zoustëmmung gewanne kann:
“Tout ce qui concerne le pouvoir d’achat. Je pense que ce n’est pas normal qu’aujourd’hui les gens travaillent 35 heures et ne puissent pas s’échauffer et se nourrir de manière convenable.”
“Mat engem President Macron weider un der Muecht misst awer méi fir de Sozialstaat gemaach ginn. An awer och gekuckt ginn, wéi et soll weider goe mat der Atomenergie...”
E Sonndeg entscheet sech dann, wien d’Course wäert maachen.