Gesetzprojet guttgeheeschtPersoune mat ëffentlecher Funktioun solle besser viru Gewalt geschützt ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Zil ass et, Täter besser kënnen ze poursuivéieren an ze bestrofen.
© RTL-Archivbild

Am Regierungsrot gouf e Gesetzprojet gutt geheescht, mat deem d’Forces de l’ordre, Deputéiert, Ministeren an och professionell Journaliste besser viru Gewalt a Beleidegunge geschützt sinn.

Si si wéinst hirer ëffentlecher Funktioun engem besonnesche Risiko ausgesat.

Am Conseil de Gouvernement kruten och d’Modalitéite fir en digitale Radio de Feu Vert.

Back to Top
CIM LOGO