All Joers ginn et 8.730 Fäll vu Vandalismus zu Lëtzebuerg. Am Duerchschnëtt sinn dat 5 Fäll pro Dag. An obwuel dës Zuelen an de leschten 2 Joer erofgaangen sinn, gouf et virun knapps engem Mount e Fall vu Vandalismus zu Maarnech, dee virun allem vill Pensionnairen traureg gemaach huet. Déi Leit, déi mat alle Moyene probéieren déi al Gefierer vun de Pompjeeën ze erhalen, nodeems se renovéiert goufen, a genee dat hu se zerstéiert .
Et war eng traureg Atmosphär zu Maarnech, op där Platz, wou villes zerstéiert gouf. Geklaut gouf näischt, fir iwwert e Wäert ze schwätzen, do ginn d’Meenungen auserneen, mä déi Betraffen, esou ewéi de Raymond Brausch, deenen blutt d’Häerz.
Et sinn haaptsächlech Gefierer, déi drop waarde fir a Muséeën ënnerbruecht ze ginn. Nodeems se renovéiert goufen, hu se hei op hire leschten Asaz gewaart. Resultat: Biller vun der Zerstéierung, Biller déi och fir de Fritz Kiggen schwéier ze verstoen sinn, dee sengem Papp säin alen Trakter awer glécklecherweis doheem stoen hat, wéi an d’Hal agebrach gouf.
Futtis Fënsteren, ausgebauten Batterien, alles gouf geréckelt, zerkraazt oder abiméiert. An esou besteet den Ament d’Aarbecht doranner, fir alles nees ze flécken. Esou entdecke se lues a lues ëmmer nees nei Schied. Fir Ersatzstécker ze kréien, dat wäert och net esou einfach sinn, villes gëtt net méi produzéiert.
Eenzeg positiv Saach un der ganzer Geschicht, d’Spueresécherung vun der Police ass net onzefridden, mat deem wat se fonnt hunn, an esou wäert et och net méi laang daueren, bis déi Schëlleg ermëttelt ginn.