Dësen Dialog soll mat de Schüler awer och mat de Produzente gesicht ginn, esou de Claude Meisch.

Déi geplangte Reform vu Restopolis, also där Verwaltung, déi Dag fir Dag eng 15.000 Platen a Schoulkantinne kacht, ass eng verpasste Chance, sou d'Kritik vu Mouvement Ecologique an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren virun e puer Deeg. D'Ziler vu regionalem Iessen, dat och méi vegetaresch a vegan Varianten offréiert a mat biologesche Produite schafft, géif net verbindlech genuch am Gesetzesprojet festgehalen. Wéi huet de Kascht an de Kantinnen iwwer déi lescht Méint evoluéiert, wéi reagéiert den zoustännegen Educatiounsminister Claude Meisch?

Am Dialog, nei Weeër sichen. Mat de Schüler. Mat de Produzenten. 

De Kascht an de Schoulkantinne vu Restopolis huet kloer evoluéiert, awer net ouni Gegranz. Am Dialog mat de Schülerkommiteee gouf dann no Kompromësser gesicht. De Konsum vu Fleesch ass bannen 9 Méint ëm 17 Prozent erofgaangen. Vegetaresch a vegan Plate maachen an Tëschenzäit ronn d'Hallschent vun der Nofro aus: Hei hunn d'Gromperekichelcher mat Spigeleeër de gréisste Succès.

Béi den net vegetaresche Plate steet d'Paschtéitche ganz uewen um Podium. Dëse Mëttwoch war d'Lëtzebuerger Grillwurscht mat Moschterzooss, Muerten a Gromperepüree de Ränner. Gesond a saisonal Produkter fir 4,70 Euro: Entrée, Plat an Dessert.

Mir mussen d'Schüler iwwerzeegen, vu der Qualitéit an der Variatioun vum Menü. Mir wëllen natierlech och Aspekter vun Ernierungserzéiung mat erabréngen, fir och ze weisen, wat gesond Ernierung ass. An natierlech wëlle mer kucken, dat mer eng Beweegung hi kréien zu méi nohalteger Ernierung, zu méi lokaler Produktioun, zu méi Bio Produktioun, sou de Minister Claude Meisch.

Dräi Zuele weisen, vu wat fir Quantitéiten a deemno och lukrative Marchéen hei riets geet: 2019 huet Restopolis 400.000 Kilo Grompere verschafft, 60.000 Kilo Eeër a 150.000 Kilo Mëllechproduiten.

Mir wëlle méi lokal akafen. Mir wëlle méi bio lokal akafen. Datt ass sécherlech och en Encouragement fir d'Produzenten hei zu Lëtzebuerg, sech ëmzestellen. Villäicht och mat eis zesummen ze kucken, wat eenzel Artikel sinn, déi mer nach zousätzlech kënnen hei zu Lëtzebuerg ubauen, respektiv och hei akafen. Dat kënne mer mengen ech am absolutte Respekt vum Marchés-Publics-Gesätz maachen. Well dat spill jo hei och mat. Et ass op der anerer Säit awer sënnvoll, dat och d'Produzente sech villäicht organiséieren. Mir brauche grouss Quantitéite fir all eis Kantinnen. Do geet hei an do dat, wat deen een oder deen anere méi kléng Produzent ka liwweren, net duer. Ma wann déi sech géifen zesummendinn, da wär dat nees eng aner Saach, sou den Educatiounsminister.

E Mëttwoch gouf et Äerdbier. Deen awer net aus Lëtzebuerg, ma aus der Belsch koum. Déi néideg lokal Quantitéit wier net disponibel gewiescht. Produktioun, Liwwerketten iwwerdenken, upassen. Themen, déi kuerz no der Kritik dem Minister e Gespréich mat Vertrieder vun de Bauere wäert war. Weider Reunioun wiere geplangt, fir ze kucken, wéi eben och méi kléng Produzente mat kënnen an d'Boot geholl ginn.