Amplaz vun der Indextranche vu Juli kréien d’Salariéë mat engem Gehalt vu bis zu 100.000 Euro Brutto d’Joer op hirer nächster Pai e Steierkredit.

Dee Steierkredit läit bei 84 Euro de Mount fir Leit, déi manner ewéi 44.000 Euro d’Joer verdéngen, fir Revenue vu bis zu 66.000 Euro läit en nach bei 76 Euro a bis 100.000 Euro geet de Steierkredit erof bis op 0.

OGBL/Reportage François Aulner

Den OGBL bleift dobäi: de Steierkredit ass keng Iwwerkompenséierung fir d’Präisdeierecht. Op enger Pressekonferenz en Dënschdeg nom Nationalcomité huet d’Gewerkschaft d’Berechnunge vun der Chambre des salariés (Säiten 25-27) widderholl, deenen no Leit mat niddrege Revenuen, déi Schichten oder sonndes schaffen zum Beispill, jee no Steierklass awer Sue verléieren. D’Berechnunge vum Statec wieren ze vill vereinfacht a géingen net der Realitéit vun eenzele Salairë Rechnung droen. D’Behaaptung vun der Regierung, déi niddreg Gehälter géingen iwwerkompenséiert ginn, wier iwwerdeems net ëmmer richteg.

Fir d’Presidentin vum OGBL Nora Back bleiwen d’Mesurë vun der Tripartite e grousse politesche Feeler an d’Gewerkschaft hofft, datt d’Regierung op der nächster Tripartite, déi zesummekënnt, wann eng weider Indextranche misst verréckelt ginn, dat agesäit. D’Betriber, deenen et schlecht geet, missten ënner d’Äerm gegraff kréien, mee virun allem d'Leit, déi besonnesch ënnert der Inflatioun leiden, sou d’Nora Back. An hiren Ae wier et awer falsch, all de Betriber ze hëllefen an enger Zäit, wou d’Ekonomie wiisst an de Chômage niddreg ass.

D’Manipulatioun vum Index hätt dann negativen Afloss op Verhandlunge vun neie Kollektivverträg, sou wéi d’Beispill vu CEBI géing weisen. Engersäits well d’Personaldelegatiounen iwwerhaapt missten d’Aussetze vun enger Indextranche emol guttmaachen. Anerersäits well d’Patronen d’Steierkreditter als Argument géint méi eng Ëmverdeelung vum Gewënn kéinte mëssbrauchen.

Den OGBL huet donieft seng Fuerderungen a Saache Steiere widderholl, dorënner haaptsächlech eng Indexéierung vun de Barèmen un d’Inflatioun an eng méi staark Besteierung vum Kapital. Och behält d’Gewerkschaft d’Hoffnung, datt d’Regierung nach eppes ënnerhëlt, sief et punktuell. Och wa se am Moment net den Androck géing ginn, nach wëllen eppes virun de Walen a méi ewéi engem Joer ze maachen.