Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 3.900 Better an den 30 Altersheemer a knapp 2.500 Better an den 22 Fleegeheemer.

Zuelen, déi an den nächste Jore weider an d'Luucht ginn. Zum Beispill mat engem neien Haus, dat deemnächst zu Déifferdeng opgeet. Weider Ouverturen sinn zu Käerjeng, Esch an Äischen geplangt, an zu Rëmeleng gëtt och nei gebaut.

Dat entsprécht flächendeckend de Besoinen den Ament hei am Land. Esou d'Analys vum President vun der Copas. De Marc Fischbach gëtt direkt och eent ze bedenken:

Marc Fischbach: "D'Cipa, wéi se fréier verstane goufen, also d'Altersheemer, déi gëtt et net méi. Well een haut an den Altersheemer praktesch iwwerall méi wéi 50% vun de Leit gesäit, déi och fleegebedürfteg sinn. Dat heescht, d'Leit gi méi spéit doheem eraus. Si wiessele méi spéit an en Altersheem oder an e Fleegeheem. Si wiesselen dann, wann et anescht net méi geet oder d'Famill et net méi packt. Do muss een an der Planung ëmmer Schrëtt halen".

Zwee nei Haiser vum franséische Grupp Orpea

Donieft wëll de franséische Grupp Orpea zwee Haiser am Grand-Duché opmaachen an de President vum Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer ass der Meenung, datt dat net méi all ze laang dierft daueren.

Orpea ass en Numm, dee virun allem a Frankräich an an der Belsch massiv an der Kritik steet. Et geet ënnert anerem ëm d'Vernoléissegung vu Bewunner. E Skandal, deen nach net public war, wéi Orpea eng Demande gemaach huet, fir en Agrement zu Lëtzebuerg ze kréien.

Deen ass nach net do, mä einfach esou refuséiere kann een deen net, explizéiert de Marc Fischbach, de President vun der Copas.

Marc Fischbach: "Et ass ganz kloer, datt mir hei jidderengem en Agrement musse ginn, souwäit en d'Konditioune vum Lëtzebuerger Gesetz erfëllt. Dat iwwerpréift d'Familljeministesch zu dësem Zäitpunkt, och wann een eigentlech kee sou e gutt Bauchgefill huet, wann ee gesäit, wat alles do an eenzelen Altersheemer vun Orpea - besonnesch a Frankräich - an de leschte Jore virgefall ass."

D'Familljeministesch Corinne Cahen fuerdert Garantië vun Orpea, wéi se eis seet. Garantien, datt d'Bewunner gutt behandelt ginn an datt d'Leit vun Orpea Lëtzebuerg schaffe gelooss ginn, ouni datt d'Generaldirektioun vu Paräis sech amëscht. Rezent wier och nach emol Courrier un de Grupp gaangen, an deem de Ministère nach weider Froe stellt.

De Marc Fischbach weist drop hin, datt den Alters- a Fleegesecteur zu Lëtzebuerg dee Secteur ass, deen esou strikt kontrolléiert gëtt wéi soss keen.

Kontrolle ginn et virop vum Familljeministère, vun der CNS, an der AEC, der Administration d'evaluation et de contrôle de l'assurance dependance.

Mä kann een doduerch Skandaler wéi zum Beispill bei Orpea a Frankräich ausschléissen?

Marc Fischbach: "Et kann alles ëmmer passéieren a wann et passéiert, dann ass et eemol ze vill, mä et ginn esou vill Kontrollen, datt ech einfach ausschléisse wëll, datt esou eng Situatioun hei zu Lëtzebuerg kéint antrieden, wéi déi déi mer do a Frankräich festgestallt hunn."

De Marc Fischbach betount och, datt de Secteur nach ëmmer Demandeur fir eng gutt Kontroll war. Fir d'Qualitéit nozeweisen, géif et mat Vertrauen eleng net duer goen. Datt Haiser missten op d'Fanger geklappt kréien, dat géif zu Lëtzebuerg och net dacks virkommen.