Et huet een d'Gefill, datt méi Leit vermësst ginn. Ass dat wierklech esou oder gëtt et just méi thematiséiert? A wat sinn d'Grënn fir d'Verschwannen?

Vermësstemeldungen - Reportage vum Nina Schagen (Deel 1)

Bis eng Vermësstemeldung un d'Press weidergeleet gëtt, si souwuel bei der Police, wéi och beim Parquet schonns vill Iwwerpréiwunge gemaach ginn. Nodeems eng Persoun als vermësst deklaréiert gouf, hëlt dee Polizist, dee sech ëm d'Affär këmmert, Kontakt mat der Famill op a féiert och eng Enquête op der Plaz duerch. Duerno gëtt de Fall dann zesumme mam Parquet ënnersicht.

Den Henri Eippers, Porte-parole vun der Administration judiciaire: "Wat emol als alleréischt gekuckt gëtt, geet et ëm Mannerjäreger oder Erwuessener? Am Prinzip gëllt all Verschwanne vun engem Mannerjäregen als beonrouegend, als sougenannten 'disparition inquiétante'. Dat wëll awer nach net heeschen, datt och all Vermësstemeldung vun engem Mineur dann och ëffentlech gemaach gëtt. Dat hänkt vun enger Partie Ëmstänn of. Wann eng Urgence besteet, geet eng Meldung eraus un d'Press, mat Foto, an dat geschitt natierlech an Ofsprooch a mam Accord vum Parquet protection de la jeunesse."

2020 goufe 596 Vermësster gemellt, d'Joer virdru 675, de Gros dovunner Mannerjäreger. 2021 gouf et dunn eng liicht Hausse, 724 Vermësstemeldunge goufe gezielt, dovunner waren der 490 mannerjäreg. Dat wier awer net signifikant vill, sou den Henri Eippers:

"Aus menger Siicht sinn déi Zuele relativ stabel bliwwen. Si si liicht geklommen, mee ech denken, dat huet awer demographesch Grënn, datt déi Zuelen do och mat wuessen. Fakt schéngt mir och ze sinn, datt déi Affären einfach anescht mediatiséiert ginn, duerch Internet, duerch d'sozial Medien eng aner Opmierksamkeet kréie wéi virdrun."

Net beonrouegend Fäll sinn zum Beispill déi, déi am Kontext vun enger sougenannter "Fugue" passéieren. Ma am Péitrusshaus siche vill Jonker Schutz. D'Institutioun gouf 2011 gegrënnt a bitt Jonken tëscht 12 a 17 souwuel ambulant Hëllef wéi och d'Méiglechkeet, fir do ze schlofen.

De Pol Thome, Assistant social am Péitrusshaus, erkläert, wisou et dozou kënnt, datt Persoune fortlafen: „Dat kënnen individuell Saache si beim Jonke selwer, dat kënne familiär Saachen sinn, déi maachen, datt de Jonke sech net wuelfillt a grad duerch eng Kris geet. Mir hunn effektiv Saachen, wéi Gewalt kann eng Roll spillen, Négligence kann eng Roll spillen, et kann och déi ganz Identitéitssich sinn, déi ganz Adolescence-Kris kann eng Roll spillen, de Kader doheem kann eng Roll spillen. Dat kënne méi Facteure sinn, och méi Facteuren, déi zesummen an enger Situatioun openee kommen."

Déi Jonk sinn also meeschtens no e puer Deeg nees doheem oder gi vun der Police fonnt. Ma et ginn awer och e puer Exceptiounen, sou den Henri Eippers:

"Ech ka mech elo nach un 3 Fäll erënneren. Dobäi geet et an 2 Fäll ëm Leit, déi am Ausland verschwonne sinn, déi bis elo net konnten erëmfonnt ginn an dann 1 Puppelchen, deen hei am Land, och no intensive Recherchen, nach net konnt erëmfonnt ginn."

Fir Noutfäll ass 2016 d'Initiativ Amber Alert gegrënnt ginn. Fir datt dësen Alarm ausgeléist gëtt, muss de Parquet der Meenung sinn, datt d'Kand an akuter Liewensgefor schwieft. Bis ewell ass deen Alarm nëmmen 1 Mol ausgeléist ginn. 2018 gouf do e 7 Joer ale Bouf gesicht, ma de viséierte Papp konnt awer séier am Ausland fonnt ginn.