Vun Oktober u Gas méi deierHéije Verbrauch kann d'Gaspräisser weider klammen doen

RTL Lëtzebuerg
De Gas gëtt also vun Oktober u méi deier. Ëm ronn 80%. D’Avancë fir d’Privatleit ginn deen Ament och an d’Luucht.
De Gas gëtt also vun Oktober u méi deier.
Dat ëm ronn 80%. D’Avancë fir d’Privatleit ginn deen Ament och an d’Luucht.

Hausse beim Gaspräis / Reportage Carine Lemmer

Weider Haussen kënnen den Ament net ausgeschloss ginn, seet den Enovos-Direkter Erik von Scholz am RTL-Interview. Ob am November oder Dezember d’Präisser nach emol an d’Luucht ginn, géif vun der Entwécklung ofhänken. Wa manner Gas muss nokaf ginn, bleiwen d’Präisser méi stabil. Et hänkt vum Verbrauch of.

Wann elo méi e kale Wanter kënnt oder manner Energie gespuert gëtt, mussen d’Fournisseuren zu héije Präisser Gas nokafen ginn an da kéinten d’Präisser am Hierscht/Wanter weider klammen. De Stroumpräis hänkt jo och vum Gaspräis of. Dee geet also och erop. Derbäi kënnt, datt franséisch Atomkraaftwierker aktuell manner produzéieren a Stroum knapp ass. Dëst Joer wär de Stroum just ëm 2,5% an d’Luucht gaangen, sou den Enovos-Direkter, mä fir d’nächst Joer misst ee mat “signifikanten” Haussë rechnen. Fir de Privatclient kéint dat e Plus vun 30 bis 40% bedeiten.

Energie spueren ass dat Bescht, wat mer an der aktueller Situatioun kënne maachen, seet och den Energieminister Claude Turmes. Manner Verbrauch heescht méi stabil Präisser an datt net nach weidere Gas zu héije Präisser muss akaf ginn.

Et wéilt een als Regierung de Leit an de Betriber an dëser schwiereger Situatioun hëllefen. Wéi genee, do waart een op nei Zuele vum Statec. Nei Mesurë sollen awer séier decidéiert ginn an den nächste Wochen. Aktuell iwwerhëlt de Staat jo schonn déi ganz Gas-Reseauskäschten. Dat soll och d’nächst Joer de Fall sinn, sot de Minister Turmes. Weider Hëllefe si méiglech. Eng Optioun wär en eemoolegt Energiegeld, wéi Däitschland et huet. Enovos hat ausgerechent, datt déi méi héich Gaspräisser fir en Duerchschnëttsstot e Plus vun 2.400 Euro d’Joer kéinten ausmaachen.

Enovos hat effektiv scho viru gutt 2 Wochen ugekënnegt, datt d’Präisser wäerten ëm 80 bis 90% klammen.

Den Energie-Fournisseur huet an der gedréckter Versioun vum Wort en Dënschdeg annoncéiert, datt de Präis fir Naturgas op ronn 1,58 Euro de Meter Cibb eropgeet fir niddreg Verbraucher. Am Januar war den Tarif op ronn 0,83 Euro de Meter Cibb festgeluecht ginn.

Den Energieminister Claude Turmes hat den Dënschdeg de Moien op Twitter eng däitlech Präishausse beim Gas vun Enovos iwwerdeems confirméiert. Och aner Fournisseure wäerten esou Decisiounen mussen huelen, schreift de Minister.

D’Piraten-Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen hunn als éischt scho reagéiert. Si fuerderen ënnert anerem eng séier Entlaaschtung fir all d’Stéit a Form vun Energiebonus, vun zum Beispill 150 Euro, déi duerch eng Iwwergewënnbesteierung kéint finanzéiert ginn.

D’CSV, déi huet gefuerdert, den Akommes-Plaffong, fir an de Genoss vun der Energie-Primm ze kommen, elo direkt ze verduebelen. Dat géing bedeiten, datt e Stot vu 4 Persounen nach bis zu engem Netto-Akommes vu ronn 8.000 Euro de Mount, amplaz ewéi elo 4.600 Euro Akommes, d’Primm vun 350 Euro kréich.

Wat d’Stroumpräisser ugeet, esou geet de CEO vun Enovos Lëtzebuerg, den Erik von Scholz, dovunner aus, dass de Präis “signifikant” wäert an d’Luucht goen. Dat sot hien am RTL-Interview. Genee kéint een dat haut net soen, mee de Stroumpräis géing eben och mam Gaspräis zesummenhänken.

Déi Lénk dann, déi fuerderen zanter Ufank vum Joer e Steierkredit vun 200 Euro, degressiv bis de mediane Loun. Hei een Tweet vum Gary Diderich:

E Freideg kritt d’Regierung nei Zuele vum Statec, notamment iwwert d’Inflatioun. Dat en vue

vun enger nächster Tripartite.


D’EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen huet iwwerdeems eng Reform vum europäesche Stroum-Marché annoncéiert. D’Aarbechten dofir wiere voll am Gaang. Den aktuelle System wier fir aner Zwecker virgesi gewiescht an net méi zweckméisseg.

Et wéilt een deemno fortkomme vum sougenannten “merit-order-Prinzip”. Doduercher gëtt de Stroum-Präis vum deierste Kraaftwierk bestëmmt – also aktuell duerch Gas-Kraaftwierker. Eng Reform soll elo awer mat sech bréngen, dass dee Mechanissem iwwerschafft gëtt a Consommateure fir méi bëllege Stroum aus Solar- oder Wand-Energie och manner musse bezuelen.

D’nächst Woch e Freideg kommen d’EU-Energieministeren iwwerdeems fir eng Krisesëtzung beieneen.

Back to Top
CIM LOGO