
Dat äntweren de gréngen Energieminister Claude Turmes an d’liberal Finanzministesch Yuriko Backes dem Piraten-Deputéierte Marc Georgen op eng parlamentaresch Fro.
De reduzéierte Steiersaz kéint fréistens den 1. Januar 2023 a Kraaft trieden. Dëse soll net retroaktiv ginn, well dat fir d’Verwaltung en extremen administrativen Opwand wier.
Wann e Client eng Installatioun scho bestallt huet an en Acompte mam normalen Taux vu 17% bezuelt huet, da kann nom éischte Januar um Rescht vun der Anlag e méi nidderegen Taux applizéiert ginn, wann déi Anlag réischt d’nächst Joer sollt fäerdeg montéiert ginn.
Den Interessi u Photovoltaikanlage wier weiderhi grouss, schreiwen d’Ministeren. Dacks géingen d’Bierger hire produzéierte Stroum och selwer notzen.
Zu Lëtzebuerg wier nach ni sou vill Stroum aus Photovoltaik produzéiert ginn ewéi am Juli dëst Joer.