D'Kris ass net fort, sot de Patronatsvertrieder an UEL-President Michel Reckinger e Mëttwoch am Mëttesjournal iwwert den Tripartitesaccord.

Interview mam Michel Reckinger vun der UEL

De Krich wär net eriwwer a Lëtzebuerg weider vum Energie-Krich betraff. Dorunner hätt sech näischt geännert.

Den Accord wär wichteg, well en de Leit bei den héijen Energiepräisser ënnert d'Äerm gräift, fir datt et net direkt knëppeldéck kënnt.

Iwwer de Staatsbudget géif de Stéit gehollef ginn, wat och gutt wär. D'Inflatioun gëtt bekämpft, mä d'Ursaach wier nach ëmmer do, resuméiert et de President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber. Och wann d'Richtung vun de Moossnamen déi richteg wier, fillt de Michel Reckinger sech net berouegt.

Vun der Energiepräisdeckelung kann een als Betrib och just profitéieren, wann een de Standard-Tarif huet. Entreprisë kréie mat anere Mesurë gehollef. Déi missten deels nach vu Bréissel ofgeseent ginn. D'Indextranche am Februar, déi virausgesot gëtt, géif och schlecht falen a wéidoen.

Aus Solidaritéit a well d'Mesurë fir d'Leit wéi gesot wichteg sinn, dréit d'Patronat den Accord mat.