No 80 Joer soll d'Grondsteier elo ugepasst ginn an et soll ee bezuele mussen, wann een näischt mat sengem Terrain oder senger Wunneng mécht.

Grondsteierreform a Spekulatiounstax / Rep. Fanny Kinsch

D'Gréisst vum Terrain, d'Potential, fir ze bauen, d'Distanz zu der Stad Lëtzebuerg, ob Servicer a Commercen an der Uertschaft sinn an d'Marchéspräisser - no deene Facteure soll d'Grondsteier festgeluecht ginn. D'Gemenge leeën de geneeën Taux fest, hire Spillraum gëtt awer ageschränkt. Ob ee méi oder manner bezuele wäert, hänkt vu Fall zu Fall of, seet d'Inneministesch Taina Bofferding.

"Fir déi eng wäert et erofgoen, fir anerer geet et e bësse méi erop, also een, wou ech iech ka garantéieren, wou et wäert eropgoen, ass de Fall, dee mer effektiv hei an der Stad hunn, wou ee 70 Cent Grondsteier bezilt. Ech mengen, do läit op der Hand, dass déi Persoun an Zukunft wäert méi bezuelen."

Wann ee selwer a senger Proprietéit wunnt, kritt een en Abattement. Fir Terrainen, déi net bebaut kënne ginn, muss ee keng Grondsteier méi bezuelen. Op "Impôt foncier – Simulateur" kann een ausrechnen, wat ee mat der Reform bezuele muss. Verschidde Facteure sinn haut natierlech nach net bekannt, wéi zum Beispill den Taux, deen d'Gemeng festleet, sou datt dat just ongeféier ass.

Et kënnt dann eng Spekulatiounstax, eng sougenannte Mobilisatiounssteier. Wann een no 5 Joer näischt mat sengem Terrain gemaach huet, muss ee 75% vun der Grondsteier drop bezuelen, deen Taux geet dann all Joer an d'Luucht. Déi éischt 5 Joer nach lues, da méi substantiell. Wann een den Terrain fir seng Kanner hält, kritt een en Abattement bis d'Kand 25 Joer huet, fir d'Enkele geet dat awer net.

D'Tax fir net-bewunnte Wunnenge gëtt iwwerschafft. Wann een eng Wunneng 6 Méint eidel léisst, muss een 3.000€ d'Joer bezuelen. Dat geet all Joer ëm 900€ erop, bis op maximal 7.500 €. Fir déi eidel Wunnengen z'erfaassen, gëtt en nationale Regëster an d'Liewe geruff.

De Logementsminister Henri Kox erkläert: "Haut ginn d'Leit an de Gemengen op enger Adress ugemellt, muer mat dësem Gesetz a mam Regëster vun de Logementer ginn d'Leit an enger Wunneng ugemellt, an dofir brauche mer fir d'éischt e Regëster vun alle Wunnengen."

De Staat erwaart sech vun der Leerstandstax Recettë vun enger 14 Milliounen Euro d'Joer. D'Mobilisatiounssteier kéint dem Staat an 20 Joer 273 Milliounen Euro abréngen - d'Regierung géing awer hoffen, datt et net dozou kéim, sou d'Finanzministesch Yuriko Backes.

"Dat ass vläicht e bësse konter-intuitiv fir eng Finanzministesch, fir esou eppes ze soen, mee et ass besser, hei hu mer manner Steieren a mir bewierken dat, wat mer hei wëlle bewierken, dat heescht, méi Wunnengen an Terrainen op de Marché ze kréien."

Wéi vill Wunnraum duerch d'Reforme kéint mobiliséiert ginn, kann d'Regierung net soen.

Vun nächstem Joer u wäert den Amortissement accéléré, also Steieravantagen, déi ee kritt, wann een eng Immobilie fir d'Locatioun keeft, weider ageschränkt ginn. Dat huet d'Finanzministesch Yuriko Backes weider e Freideg de Moien annoncéiert. Dat wier am Budget virgesinn, dee si d'nächst Woch an der Chamber presentéiert.

Reaktiounen aus der Chamber

Déi gréissten Oppositiounspartei CSV ka mat deem, wat d'Regierung op den Dësch geluecht huet, an de groussen Zich liewen, sou de Co-Fraktiounschef Gilles Roth:

"D'Grondsteier wäert dës Legislaturperiod net méi a Kraaft trieden, dat ass eppes, wat déi nächst Legislaturperiod eréischt wäert gräifen. Mat de Prinzippie vun der Grondsteier d'accord sinn, well mer och eng Rei vun deene selwer proposéiert hunn, mee wéi ëmmer läit hei den Däiwel am Detail a mir hätte gär virun allem, datt et fair a gerecht erofgeet an dass d'Leit och eng Previsibilitéit hunn, wat op se zoukënnt. Mir wäerten eis do konstruktiv abréngen, natierlech kafe mer och hei keng Kaz am Sak."
Fir d'Nathalie Oberweis vun déi Lénk ass d'Regierung net ambitiéis genuch: "Ech hunn d'Gefill dat do ass eng Reform, déi u sech virun 20 Joer esou Sënn gemaach hätt, wou mer vläicht nach e bëssen an enger ugekënnegter Kris gewiescht wieren, mee do wou mer haut sinn, wou se sech sou zougespëtzt huet déi Kris mat der Konzentratioun u Proprietéit déi mer hunn, menge mir dass et misst wierklech méi wéi doe bei deenen déi wierklech extrem vill hunn a vill konzentréieren."

Reaktioun vum Nathalie Oberweis am Kader vun der Grondsteier

Och d'Piraten zweiwelen un der Effikassitéit - den Deputéierte Marc Goergen: "D'Plus-value déi ee mécht op engem Joer ass vill méi héich wéi zum Beispill déi 7.500€ Steieren, wou elo drop solle kommen. Fir eis wäerten do net vill Terraine mobiliséiert ginn. Op där anerer Säit ass awer de Risiko an déi Fro hu mer explizitt gestallt, d'Ministesch kann net garantéieren, dass déi Leit, déi haut an hirem eegenen Haus wunnen, d'Grondsteier an d'Luucht geet."

Reaktioun vum Marc Goergen am Kader vun der Grondsteier

Fir d'ADR sinn d'Reformen e Flopp. D'Regierung hätt laang un eppes geschafft, dat de Problem net léise géing, seet de Chef vum parlamentaresche Grupp Fernand Kartheiser: "Hir Visée ass natierlech, si probéiert méi Wunnengen, méi Grondstécker op de Maart ze bréngen, Verschiddenes ze harmoniséieren, mee d'Resultat ass e bürokratescht Monster wat immens vill an d'Fräiheete vun de Leit agräift."

Reaktioun vum Fernd Kartheiser am Kader vun der Grondsteier

Dat zum Beispill well d'Gemenge sollen d'Méiglechkeet kréien, duerch de Waasserverbrauch ze kucken, ob eng Wunneng benotzt gëtt. Fir den LSAP-Deputéierten Dan Kersch ass et net onbedéngt deen effikasste Wee, wann d'Gemeng muss kucken, ob eng Wunneng genotzt gëtt: "Dofir hunn ech och en Alternativmodell virgeschloen, wou een u sech d'Beweislaascht géing ëmdréinen an et géing ee se vun de Gemengen ewech huelen a bei d'Proprietäre bréngen, ech mengen dat wier wesentlech méi einfach, mee dofir hu mer jo nach Zäit, fir doriwwer ze diskutéieren. D'Chamber wäert och mengen ech an dësem Dossier hir Aarbecht maachen."

Reaktioune vum Dan Kersch am Kader vun der Grondsteier

Schreiwes

„D'Offer u Wunnenge vergréisseren!": Reform vun der Grondsteier a Mobiliséierung vun Terrainen a Wunnengen (07.10.2022)
Matgedeelt vun : Inneministère / Wunnengsbauministère / Finanzministère

Zwee Deeg, nodeems en am Ministerrot ugeholl gouf, hunn d'Inneministesch, Taina Bofferding, de Wunnengsbauminister, Henri Kox, an d'Finanzministesch, Yuriko Backes, haut de Gesetzprojet iwwert d'Grondsteier, d'Mobiliséierungssteier vun Terrainen an d'Leerstandssteier op Wunnenge, sou wéi de Gesetzprojet iwwert de nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen presentéiert. Domat hunn d'Regierungsmemberen, am Virfeld vun der Ried zur Lag vun der Natioun, dës laang erwaarte Reform virgestallt an dat entspriechend Zil vum Koalitiounsaccord 2018-2023 erfëllt.

Reform vun der Grondsteier (IFON)

Et sief drun erënnert, dass d'Grondsteier an hirer aktueller Form zu deenen eelste Besteierungen am Grand-Duché zielt an déi aktuell benotzten Eenheetswäerter op d'Joer 1941 zréckginn! D'Haaptobjektiver vun der Reform vun der Grondsteier bestinn doran, d'Ongläichheeten, déi den aktuellen IFON ervirgeruff huet, ofzeschafen an en neie Bewäertungsmodell vun den Terrainen, dee méi objektiv, transparent a gerecht wäert sinn, anzeféieren. Déi reforméiert Grondsteier féiert donieft eng Neierung an, an zwar en Abattement op dem Haaptwunnsëtz, an Héicht vun engem fixe Montant fir all Steierzueler. Et sief nach bemierkt, dass den zukünftegen IFON eng Gemengesteier bleiwe wäert.

D'Inneministesch, Taina Bofferding, ass houfreg op dee Projet: „Dëst bedeit e grousse Schrëtt no vir! Jorzéngtelaang gouf d'Reform vun der Grondsteier ugekënnegt: Mir hu gehandelt, fir dass dës Reform endlech Realitéit gëtt! An ech halen drop ze preziséieren, dass et net d'Zil vun dëser Reform ass, fir weider Steierrecetten ze generéieren, mä fir d'fundamental Ongläichheete vum aktuelle System aus der Welt ze schafen."

Fir de Bierger et elo schonn z'erméiglechen, de Betrag u Grondsteier anzeschätzen, dee si der envisagéierter Reform no bezuele mussen, huet d'Regierung e Simulator en place gesat, deen op folgender Adress accessibel ass: grondsteier-rechner.lu.

Aféiere vun enger Mobiliséierungssteier vun Terrainen (IMOB)

En anert Zil vun dëser Reform ass d'Lutte géint den notoresche Manktem u Wunnengen zu Lëtzebuerg. Dofir féiert de Gesetzprojet eng Mobiliséierungssteier vun Terrainen an, déi zum Zil huet, effektiv zum Bebaue vun Terrainen, déi dofir virgesi sinn, z'incitéieren. Den IMOB stellt eng Neierung duer a berout um Opstelle vun engem nationale Regëster vun den net-bebaute Grondstécker, deen den Inventaire mécht vun all den Terrainen, déi den allgemenge Bebauungspläng (PAG) no fir d'Bebauen disponibel sinn. Et gëtt dobäi en Ënnerscheed gemaach tëscht erschlossene Grondstécker, déi direkt kënne bebaut ginn, an net erschlossene Grondstécker, fir déi am Virfeld Voiries-, ëffentlech a kollektiv Equipementsaarbechten néideg sinn.

„D'Mobiliséierungssteier gëtt op där selwechter Bewäertungsgrondlag vun den Terraine wéi den IFON berechent. Et ass net ze vertrieden, dass Proprietäre keng Wunnengen op hiren Terraine realiséieren, woubäi déi dofir virgesi sinn, iwwerdeems ëmmer méi Leit, Jonker, Familljen, keng Moyene méi hunn, fir zu Lëtzebuerg ze liewen", ënnersträicht d'Taina Bofferding.

Aféiere vun enger nationaler Leerstandssteier op Wunnengen (INOL)

Mam Aféiere vum INOL, dee komplementar ass zur Reform vum IFON a vum IMOB, wëll d'Regierung d'Wunnengen, déi et scho gëtt, awer net bewunnt sinn, mobiliséieren.
Well d'Gemengentax op eidelstoende Wunnengen, déi 2008 op fräiwëlleger Basis am Kader vum Pacte logement 1.0 agefouert gouf, net déi Resultater bruecht huet, déi sech erwaart goufen, gëtt se duerch eng nei national, obligatoresch Steier ersat.

Eng Wunneng gëtt als eidelstoend ugesinn, wann iwwer en Zäitraum vu 6 Méint keen op dem Registre des personnes physiques do ageschriwwen ass. D'Gemeng muss d'Eidelstoe vun enger Wunneng feststellen.

D'Leerstandssteier, déi vun der Steierverwaltung fir de Stat erhuewe gëtt, beleeft sech dat éischt Joer op 3.000 Euro pro Wunneng. D'Steier geet ëm 900 Euro d'Joer erop, bis op e maximale Betrag vu 7.500 Euro. Wann d'Wunneng weiderhin net-beluegt bleift, muss dëse Betrag all Joer bezuelt ginn.

„Virum Hannergrond vum Manktem u Wunnengen ass et e Luxus, dee mer eis net méi erlabe kënnen, fir Wunnengen eidel stoen ze loossen. Et ass dofir onerlässlech, d'Leerstandssteier op Wunnenge funktiounsfäeg ze maachen. Dat ass ëmsou méi justifizéiert, well mer, mat 30 Organismen, déi an der Gestion locative sociale aktiv sinn, eng Optioun hunn, déi d'Verloune vu Wunnenge fir de Proprietär ganz einfach mécht. Iwwer 1.000 Wunnengen an der Gestion locative sociale sinn de Beweis dofir!", huet de Wunnengsbauminister, Henri Kox, an der Pressekonferenz betount.

Aféiere vun engem nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen (RNBL)

Fir d'Erhiewe vun der INOL brauch et d'Schafe vun engem nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen.

Dat éischt Zil vum RNBL besteet doran, all Typ vu Gebai an all eenzelner Wunneng, déi en Deel vum Gebai ass, eng eegen Identificatiounsnummer zouzeweisen. Dat erlaabt et de Gemengen, hir Awunner net nëmmen op enger Adress op hirem Territoire z'enregistréieren, mä och an enger spezifescher Wunneng, op Grond vun hirer nationaler Identificatiounsnummer. Dat ass onerlässlech, fir d'Leerstandssteier ëmzesetzen.

Doriwwer eraus stellt den RNBL a ville Beräicher vun der Verwaltung eng wierklech Plus-value zu Gonschte vum Bierger duer, sief et fir statistesch oder Steierzwecker, eng wëssenschaftlech Recherche oder d'Planificatioun, andeems en dobäi hëlleft, mat Rigueur a Prezisioun d'Gebaier a Wunnengen z'identifizéieren.

Dofir ass den RNBL onerlässlech, fir déi néideg Transparenz vum nationalen Immobiliëpark ze verbesseren, déi haut nach ëmmer feelt. Den RNBL wäert et ë.a. erlaben, d'Ëmsetze vun der Gesetzgebung iwwert d'Salubritéit an d'Verloune vu (miwwléierten) Zëmmer besser ze begleeden.

D'Finanzministesch, Yuriko Backes, kommentéiert: „D'Moossnamen, déi mir haut proposéieren, stellen e koherent Ganzt duer. D'Grondsteier gëtt reforméiert, fir se méi modern a méi gerecht ze maachen. D'Zil ass et net, eng weider Steierbelaaschtung fir d'Bierger an d'Betriber ze schafen, wat an Zäite vu Kris an Inflatioun net wënschenswäert wär. Dës Steier gëtt ergänzt duerch eng nei Mobiliséierungssteier an eng Leerstandssteier. Dat éischt Zil vun dësem Dispositif ass et, d'Spekulatioun an de Wuesstem vun den Immobiliëpräisser richteg auszebremsen, fir d'Offer ze vergréisseren an net fir weider Recetten ze generéieren."