
D’Debatten an der Chamber no der Ried zu der Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel sinn nach bis en Donneschdeg inclus geplangt.
D’Chambersreglement gesäit an deem Kader fir all Riedner och gutt Zäit fir. Traditionell notzen d’Oppositiounsparteien déi Bün, fir op d’Regierung ze klappen. Déi wiert sech meeschtens mat Luef fir alles, wat si ëmgesat huet. An dat war och e Mëttwoch net anescht.
Éischt Riednerin fir op dem Premier seng Deklaratioun ze reagéiere war d’Co-Fraktiounscheffin vun der gréisster Oppositiounspartei CSV. Der Martine Hansen no ass wéinst de multipelle Krisen d’"Schmäerzensgrenz” bei ville Biergerinnen a Bierger elo erreecht.
“Den Ukrainkrich ass net Schold un Allem. Och virum Krich gouf et d’Aarmut hei am Land. Et gëtt d’Logementskris an eng Kris bis an d’Mëttelschicht eran. Do soll een de Leit elo näischt virmaachen. Do war e gudden Deel hausgemaach, och wann de Premier sech gëschter vill op d’Schëller geklappt huet. Ma d’Leit spieren d’Kris.“
Eng Stonn stoung si um Riednerpult an huet a respektvollem Toun trotzdeem kee gutt Hoer un der Aarbecht vun der Regierung gelooss. An der Logementspolitik a bei der Santé hätt se versot. Op d’Uleiesse vun de Baueren a Wënzer géif net gelauschtert ginn.
Et wär op groussem Fouss gelieft respektiv regéiert ginn, esou de Reproche vun der CSV, esou dass elo keng Sue méi do wären, fir grondleeënd Steierentlaaschtungen, wéi eng Upassung vun de Steiertabellen un d’Inflatioun beispillsweis. Déi blo Finanzministesch Yuriko Backes hat jo am RTL-Interview erkläert, esou eng Reform géif ze deier ginn.
De Fraktiounschef vun der Partei vum Premier huet natierlech dorobber misse reagéieren. De Gilles Baum huet déi gutt 5 Milliarden Euro ervirgestrach, déi zanter der Pandemie an Aide fir Stéit a Betriber investéiert ginn.
“Sot eis emol, wat fir eng Mesuren eng CSV wärend der Pandemie net geholl hätt. Wat fir eng Hëllefe se bei der Energiekris elo net ausbezuelt hätt. Wou hätt d’CSV gespuert? Hätt der manner Schoule gebaut oder manner an den ëffentlechen Transport investéiert? Ech ka mir dat net virstellen.”
De Kolli ass awer och dem DP-Deputéierten net geplatzt. Et war en éischter rouegen Nomëtten. Esouguer den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten huet verséinlech Téin fonnt, obwuel eng Reform vun der Lounsteier, déi d’Sozialisten haart gefuerdert haten, elo mol vum Dësch ass.
“An dësen Zäiten ass et schwéier, wäit no vir ze kucken. Dofir soll déi néideg Steierreform net an engem Coup mä schrëttweis kommen. Mir begréissen, dass esouwuel de Premier, wéi och d’Finanzministesch eng ganz Partie Steiermesuren annoncéiert hunn, an deene sech och eng ganz Rëtsch vun eise Proposen erëmfannen.”
Dann awer eng Remark a Richtung Koalitiounspartner DP, wann och keng nei: d’LSAP fënnt et net sënnvoll elo mordikus un den 30 Prozent Staatsschold an um Triple A festzehalen. All Investitioun fir méi sozial Gerechtegkeet wär eng richteg. An alle Beräicher, ob Logement oder energetesch Transitioun. Ma den Yves Cruchten huet a Fro gestallt, ob déi sozial Aide cibléiert genuch sinn.
Wuel ëmmer subjektiv an och kritesch, mä gréisstendeels sachlech goungen d’Rieden iwwer d’Bün, bis de Fernand Kartheiser un der Rei war. Den ADR-Deputéierten huet och op perséinlechem Niveau géint verschidde Regierungsmemberen ausgeholl. D’Deputéiert hu méi ewéi eng Kéier schockéiert op seng Aussoe reagéiert. D’Koalitiounsparteien hätten all op hir Manéier versot, esou de klore Reproche vum Fernand Kartheiser. Hei een Extrait.
“Net manner ewéi d’DP huet d’LSAP enttäuscht. Wou ass den Asaz fir déi kleng Leit? Wou ass d’Solidaritéit mat de Gewerkschaften? D’LSAP huet de Kaviarsozialismus entwéckelt.”
Dorobber huet de Piraten-Deputéierte Sven Clement gemengt: “Dir sidd den Expert fir russesch Produiten.”
”... e beschäftegt sech mat Saachen, déi deene klenge Leit zimmlech egal sinn. Déi brauchen e sozialen Engagement esou wéi vun der ADR”, esou de Fernand Kartheiser weider.
D’Pirate sinn der Meenung, dass de Premier e puer gutt Mesuren a senger Ried hat. Ma déi géifen net duergoen. Déi Kritik deelt d’Myriam Cecchetti vun déi Lénk. Hirer Meenung no spillt d’Regierung eng Kris géint déi aner aus.
“Se erkennt op eemol d’Klima-Urgence un, spillt se awer géint déi sozial Problematik aus. D’Pandemie an de kriminelle Krich vu Russland an der Ukrain hunn och grondleeënd Problemer hei am Land katalyséiert.”
D’Suite an de Schluss vun de Debatten iwwer d’Situatioun vum Land fänken en Donneschdeg de Moien um 9 Auer un.
RTL-News: “Mir liewen an onsécheren Zäiten” - Verantwortung, den zentrale Begrëff vun dëser Ried zur Lag vun der Natioun
RTL-News: Ried zur Lag vun der Natioun - Oppositioun feelt et u konkreete Mesuren, Luef vun der Majoritéit