Der Oppositioun huet et u kloren Aussoe gefeelt. Wuel si vill Punkten ugeschwat ginn, ma villes wier awer net nei gewiescht, bedauert d'Martine Hansen.

"Et war u sech éischter e Rapport d'activité, deen awer bal zwou Stonne gedauert huet, mat villem Op-d'Schëller-Klappen. Zweetens war et virun allem e Rappell vun Annoncen, déi scho gemaach gi waren, mee awer net ëmgesat gi sinn. An drëttens dann d'Steieren, d'Thema vun dëser Regierung. An do – ech widderhuelen d'Wuert vum Här Kersch – ass dës Regierung 'nieft der Plack', well d'Leit bleiwen op der Streck. D'Leit bréichten elo Entlaaschtung, mee et geschitt guer näischt", fënnt d'Co-Fraktiounspresidentin vun der CSV.

Och fir Déi Lénk geschitt ze wéineg. D'Annoncen aus der Ried ginn der Deputéiert Myriam Cecchetti net wäit genuch:

"Ech muss éierlech soen, wann ech d'Greta Thunberg wier géing ech elo soen 'Bla Bla Bla'. Et brennt, d'Séien an d'Flëss dréchnen aus, mir hunn Iwwerschwemmungen, alles schéi Rhetorik, mee wat geschitt, wéi eng Mesuren huele mer? Ech hu keng konkret Mesuren héieren. Mir froe scho jorelaang konkret Mesuren. Et ass wouer, de Klimawandel brauch d'Politik net, mee mir brauchen d'Politik awer, fir Mesuren ëmzesetzen an dat fannt Dir net an der ganzer Verantwortungs-Geschicht. Et ass eng ganz schéi Rhetorik, mee méi ass net dobäi. Also wéi gesot, ganz kuerz: 'Bla Bla Bla'."

Fir Déi Gréng par conter goufen d'Erwaardungen erfëllt. Virun allem well eng Rei Investissementer ugekënnegt goufen, fir d'Energietransitioun no vir ze bréngen, esou déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché.

"Ech hu gëschter op eiser Pressekonferenz gesot, dass mir eng Politik erwaarden, déi net op Austeritéit baséiert, mee op Investitiounen ausgeriicht ass. Déi Investitioune gi getätegt, notamment am Beräich vum Ëmwelt- a Klimaschutz, awer och am Beräich vum Logement, wou mer op béide Plaze mat Krise konfrontéiert sinn. Et ass och vill vun der Santé geschwat ginn, vun neien Infrastrukturen, déi wäerten entstoen, fir d'Soinen ze verbesseren. Et sinn eng ganz Rei Pisten opgezeechent ginn, déi an dëser Krisenzäit immens wichteg sinn a vun dohier kann ech soen, eis Erwaardungen si schonn erfëllt."

E puer interessant Punkten, notamment wat d'Projeten fir déi energetesch Sanéierung uginn, huet och den Oppositiouns-Deputéierten Sven Clement eraushéieren. Dat hätten d'Piraten awer scho méi laang an der Chamber gefuerdert. Fir de Rescht fält d'Reaktioun vun der Piratepartei op d'Ried zur Lag vun der Natioun bescheiden aus:

"Engersäits huet de Premier ganz vill erzielt, wat e besser wëll maachen, op der anerer Säit muss ee sech awer d'Fro stellen, wisou hien néng Joer laang fir déi Asiichte gebraucht huet. Mir schwätzen hei wierklech vu Fléckschouschterei, vu Saachen, déi een u sech déi lescht néng Joer hätt kënnen ugoen an déi elo bemol nees aus dem Tirang gezu ginn. Et huet ee bal d'Gefill d'nächst Joer wiere Walen an d'Regierung wéilt hire Bilan e bësse méi schéi maachen, wéi en a Wierklechkeet ass."

Och d'ADR ass der Meenung, dass am Etat de la Nation vum Premier net wierklech nei Annoncë gemaach goufen. De Fernand Kartheiser:

"Zwou Stonne Ried, invers proportional zum Inhalt muss ech soen. Et war ganz wéineg Neies dran. Et ass eng Regierung, déi u sech elo méi geréiert, wéi regéiert. Ech mengen, mir gesi ganz kloer, dass et bei d'Wale geet. Ganz interessant waren e puer Passagen, notamment wou d'Sozialisten eigentlech zeréck gesat goufen, zum Beispill den Extrait iwwer d'Scholdepolitik, wou un der 30%-Limitt festgehale gëtt. Dat ass natierlech e Rüffel gewiescht fir déi sozialistesch Partei. Op der anerer Säit sinn eng ganz Rei vollkommen onrealistesch Saachen awer och gesot ginn. Dat éischt ass natierlech, dass mir Lëtzebuerger elo géingen d'Klimakris léise mat deene Kontributiounen. Dat ass vollkommen onrealistesch."

Dass den Investissement an de Logement soll decouragéiert ginn, gesäit de Fernand Kartheiser doriwwer eraus och kritesch. Dat wier dee schlechte Wee fir de Logementsproblem ze léisen.

Den LSAP-Fraktiouns-President fënnt par conter, dass d'Ried vum Premier Xavier Bettel och gewisen hätt, wat déi aktuell Koalitioun alles geleescht huet. Dowéinst wier e Récapitulatif vun der aktueller Situatioun net vu Muttwëll gewiescht, esou den Yves Cruchten:

"Et ass wichteg, dass d'Leit wëssen, dass mir eis ëm hiert Wuel këmmeren. Ob dat ass an de Froe vun der Santé, vun der Economie, vum Logement oder och vun der Klimapolitik, alles Saachen, déi a Krisenzäiten an deene mer sinn, de Leit Angscht maachen. An do brauchen d'Leit Sécherheet a Vertrauen an ech mengen dat hu mir haut de Leit als Regierung kënne ginn."

Virun allem wat d'Energietransitioun ugeet, wier de Premier ganz konkret ginn, esou nach den LSAP-Fraktiounspresident Yves Cruchten.

Dat wier wichteg fir d'Previsibilitéit an d'Stabilitéit, fënnt och de Gilles Baum. D'Ried vum Premier géing weisen, dass dës Koalitioun nach Loscht huet weiderzemaachen, esou den DP-Fraktiouns-President.

Weider Reaktiounen

De Mouvement écologique begréisst ausdrécklech an enger éischter Reaktioun, datt d'Klimaproblematik en Dënschdeg en zentrale Punkt am Premier senger Ried zur Lag war an datt de Staatsminister eng Rei vu konkreten Instrumenter genannt huet. Sou luewenswäert d'Wieder vun der Regierungsdeklaratioun och sinn, et missten elo endlech grondleeënd Froe gestallt ginn a konkret gehandelt ginn. "Weise gëllt", sou d'Ëmweltassociatioun. D'Bekenntnisser vum Premier stéingen nämlech am Widdersproch zu de rezenten Decisioune vun der Tripartite, déi jo notamment eng Deckelung vun den Energiepräisser duerchgesat huet. Déi wier weder sozial gerecht, nach am Sënn vum Klimaschutz.

De Mouveco bedauert och, datt eng Rei Instrumenter, déi en Dënschdeg genannt goufen, schonn zanter Jore versprach gi sinn. Zum Beispill den Nohaltegkeetscheck fir Regierungsdecisiounen. Als fundamentale Problem gesäit de Mouvement écologique d'Tatsaach, datt d'Regierung mat eenzele Mesurë wéi engem ausgebaute Subventiounsprogramm mengt, d'Klimakris unzegoen. Hei wier vill méi eng prinzipiell Afrostellung néideg.

Greenpeace Lëtzebuerg felicitéiert d'Regierung fir hir Analys vun der Situatioun. D'Mesurë géifen awer net duergoen, fir géint de Klimawiessel an déi sozial Ongerechtegkeete virzegoen. De Staatsminister hätt zwar vill vu Responsabilitéit geschwat, mä verschidden Acteure géife sech nach ëmmer hirer Responsabilitéit entzéien, well nach ëmmer Milliarden a Projete géife fléissen, déi dem Klima an de Mënscherechter schueden. Och déi grouss Steierreform géif weider op sech waarde loossen.

De Konsumenteschutzvermësst déi sozial Dimensioun a fënnt, virun allem d'Mëttelschicht géing eidel ausgoen.
A puncto Steieren hätt een u méi Schrauwe kënnen dréien, fënnt d'ULC. De Budget géing virun allem d'Wirtschaft stäerken.

D'CGFP vermësst am Budget strukturell Reformen am Steierberäich. Datt eng grouss Steierreform am Moment schwiereg ze realiséieren ass, dofir hätt een zum Deel Versteesdemech. Ma op d'mannst eng partiell Upassung vun den Tabellen un d'Inflatioun wier awer méi wéi hifälleg, heescht et an engem Schreiwes vun der Staatsbeamtegewerkschaft. Mat Satisfaktioun stellt ee fest, datt d'Regierung endlech de Monoparentauxen entgéint kéim. D'CGDP begréisst, datt d'nächst Joer 1.400 nei Poste beim Staat solle geschaaft ginn.