Vum nächste Summer un ass de Foyer Ulysse wéinst Renovatiouns- an Ëmbauaarbechte fir 2 Joer zougespaart. Eng Alternativ gouf bis ewell net fonnt.

D'Gebai vum Foyer Ulysse zu Bouneweg ass an engem ganz schlechten Zoustand. Méintlaang huet missen un de Waasserleitunge gefleckt ginn, an d’Caritas huet d’Pensionnaire vum Ulysse deemools op e puer Plazen am Land ënner kritt. De Gros vun hinnen ass an der tëscht nees zeréck, mä vum nächste Summer un ass de Foyer Ulysse wéinst Renovatiouns- an Ëmbauaarbechte fir 2 Joer zougespaart. Eng Alternativ gouf bis ewell net fonnt. A well d’Caritas sech vu Staat a Gemeng eleng gelooss fillt, lancéiert si elo en Appell via sozial Medien.

Ouni Iwwergangsstruktur riskéieren eng 45 Pensionären aus dem Foyer Ulysse Mëtt nächst Joer op der Strooss ze landen. D’Caritas huet eng Konventioun mam Familljeministère an de Bauteministère këmmert sech ëm d’Renovéierungsaarbechte vum Gebai um leschte Steiwer, dat deels vétuste ass. De Staat wäert finanziell fir d’Iwwergangsstruktur opkommen, mee esou eng Plaz ze fannen, léich eleng bei der Caritas. Déi Responsabel siche scho méi laang no dëser Alternativ, dat awer ouni Succès. Elo reagéiert de Generaldirekter.

Hëllefruff un d’Land

"Léif Regierung, hëlleft eis sichen!..." war deem säi leschte Saz an eis Kamera… d’Caritas hätt gesicht, a géing och weider sichen, mee esou lues géif et enk ginn. De Generaldirekter Marc Crochet huet dofir d’lescht Woch an de soziale Medien e Message lancéiert, een un d’Regierung, mee och allgemeng un d’Land.

De Marc Crochet, Generaldirekter Caritas mécht en Appell un d’Solidaritéit och mat deene Mënschen, déi hir Pensionäre sinn, mat deenen, déi ouni eng Struktur wéi den Ulysse, op der Strooss wieren, respektiv ouni en organiséiert Wunnen, och net géifen eens ginn.

FB Crochet

Dass den Ulysse bannenan deels ferm vétuste ass, dovunner konnten déi zoustänneg Ministesch an de Premier sech de 6. Oktober iwwerzeegen. Si an d’Stater Buergermeeschtesch ware sech den Ulysse ukucken. De Post vum Familljeministère no der Visitt léist d’Fro nom "firwat dëse Besuch", ouni Äntwert.

fb Ministère

D’Familljeministesch Corinne Cahen ass immens iwwerrascht doriwwer, datt de Generaldirekter vun der Caritas, de Marc Crochet, en Appell un d’Ëffentlechkeet riicht, well misst d’Urgence eng Iwwergangsstruktur fir de Foyer Ulysse an der Stad fonnt ginn. Et wier scho laang bekannt, datt d’Caritas eppes siche misst, well de Foyer muss renovéiert ginn, sou d’Familljeministesch. D’Missioun vum Staat wier nämlech net d'"Sichen", mee d’Bezuelen.

"Ech weess och net, firwat se mat verschiddene Leit net geschwat hunn. Mir haten do e puer Iddien am Raum. Mir hunn esouguer de Budget eropgesat am Fall, wou se zwee verschidden Haiser missten huelen, fir do den Encadrement ze garantéieren. Mir wäerten dann elo an Zukunft bei der Sich hëllefen. Mir hunn als Familljeministère keng Haiser, mee mir hu verschidde Partner. An mer hu verschidden Iddien."

D'Caritas wier nieft Croix Rouge an dem Comité national de defense sociale ee vu verschiddene Partner, mat deenen de Familljeministère zesumme schafft, fir eppes ze fannen. Et wäert keen op d’Strooss gesat ginn, huet d’Ministesch betount, an et wier dann och net ganz esou urgent, well d’Renovatioun, déi eng zwee Joer wäert daueren, eréischt fir ëm de Summer ugesat wier.

De Marc Crochet lancéiert säin Appell dann awer, oder vläicht grad dowéinst: mir wiere solidaresch zu Lëtzebuerg, dat huet d’Ukrain-Kris gewisen, an dat wier och gutt esou. Et kéint ee séier reagéieren, wann ee wéilt, a Strukture fannen. Si, d’Caritas, hätten hei elo en Uleies mat enger vill manner grousser Envergure – Efforte vu Staat an der Stad fir eng Léisung ze fannen, géifen et bis elo keng.

Caritas fillt sech vu Staat a Stad eleng gelooss

Mee vläicht géif jo spontan eppes fräi oder vläicht hätt jo elo oder an nächster Zäit, deen een oder aneren eng Iddi - de Bauteministère eventuell, well et ass deen, deen den Ulysse renovéiert. Oder d’Stad Lëtzebuerg, do stéing déi al Nationalbibliothéik eidel, um Kierchbierg ass et d’Schuman Gebai. Bannent 6 Woche kéinten och Container prett sinn, d’Leit aus dem Ulysse opzehuelen.

Bon, den Appell ass eraus, a spontan kënne mir dach all, wa mer wëllen!

Zousätzlech Informatiounen

Den David Mallinger, Responsabele vun der Caritas fir den Departement d’Urgence, beschreift d’Betreiung an d’Besoine vun de Pensionnairen am Foyer Ulysse. Hei am Gebai wiere stänneg Uspriechpartner: Educateuren, Assistants sociaux, Psychologen... d’Leit wieren encadréiert.

Wat wier optimal fir d’Iwwergangsstruktur? Den David Mallinger zielt op, wat et haut am Ulysse gëtt a wat een an der Iwwergangsstruktur bräicht: nieft Dortoiren zu 4 – eenzel Zëmmer wiere natierlech besser – wier ee frou iwwer eng Kichen. An da wiere Raim fir d’Personal net vu Muttwëll, Büroen, mee och Säll, wou ee mat de Leit ka schwätzen. Am Ulysse géif et och eng Apdikt. E Minimum u Qualitéit wier wëllkomm, erkläert den David Mallinger.