Wéi kann a soll sech d'Lëtzebuerger Wirtschaft an Zukunft entwéckelen?
© MECO
Déi Fro steet am Zentrum vun der sougenannter "Luxembourg Stratégie" ënnert dem Wirtschaftsministère.
3 ënnerschiddlech Zenarie goufen ausgeschafft an op enger ëffentlecher Konferenz déi lescht 2 Deeg presentéiert, mat e puer kloren Ziler.
Nämlech vun enger Ekonomie am Respekt engersäits vun den ekologesch an Ëmweltlimitten an anersäits awer vum Wuelbefannen an de soziale Bedürfnisser vun de Leit, déi hei liewen a schaffen.
Déi ënnerschiddlech Zenarie sollen dem Wirtschaftsminister Franz Fayot no d'Grondlag sinn, fir iwwer d'Zukunft vun eiser Ekonomie, mat Horizont 2050, ze schwätzen. 3 verschidden Zenarie goufen zréckbehalen.
"En 1. Zenario, wou mer am Status quo bleiwen, wou aktuell Tendenzen einfach weiderlafe bis 2050. En Zenario, dee méi bio-regional a circulaire ass, wou de PIB anescht gemooss gëtt a mer méi op e PIB-Bien-être eriwwer ginn, bis hin zu engem 3. Zenario, wou mer gesinn, datt mer ëmmer méi digital ginn an Technologie an alle Beräicher asëtzen an allem, wat dat mat sech bréngt."
D'Zenarie wieren Hypotheesen, et ass net dat, wat ee wëll dat geschitt, mee wat ee mengt, datt wäert geschéien. Een an en halleft Joer gouf un deenen Zenarien, Tendenze geschafft. Elo soll en oppene Prozess entstoen.
"Am Dezember a Januar wëlle mer eng consultation publique maachen, fir d'Leit dobaussen ze froen, wat se dovun halen, wat hir Meenung an hir Wënsch fir d'Entwécklung vun der Ekonomie sinn."
Enn Mäerz wäerten d'Zenarien da finaliséiert an eng Visioun presentéiert ginn.