Bee SecureNei Sensibiliséierungscampagne: "Jo zu denger Meenung. Nee zum Haass!"

RTL Lëtzebuerg
Bee Secure no huet den Haass am Internet wärend der Pandemie zougeholl. Mat der neier Campagne sollen d'Leit léieren, wat een online dierf a wat net.
BeeSecure-Campagne: "Jo zu denger Meenung. Nee zum Haass!"
BeeSecure no huet den Haass am Internet wärend der Pandemie zougeholl. Mat der neier Campagne sollen d’Leit léieren, wat online legal a wat illegal ass.

Déi nei Campagne soll de Leit bewosst maachen, wéi eng Äusserungen um Internet akzeptéiert sinn a wéini een d’Grenz vun der Meenungsfräiheet iwwerschreit. Och hannert dem Bildschirm, wann een also online ass, soll ee respektvoll mateneen ëmgoen. Well och am Internet ginn et juristesch Reegelen. Wien zum Haass oder Gewalt géint eng Persoun oder e Grupp vu Mënschen oprifft, beweegt sech mat sengen Aussoen an der Illegalitéit. De Phenomeen vum Haass am Internet huet Bee Secure no wärend der Pandemie zougeholl. Besonnesch Enn d’lescht Joer, wéi vill Anti-Covid-Manifestatioune waren, wier d’Zuel u friemefeindlechen, antisemitteschen a politeschen Haass-Aussoen op de sozialen Netzwierker an d’Luucht gaangen.

Et goufen och méi illegal Inhalter op der Bee-Secure-Stopline gemellt. 2020 waren et 22 Fäll vun Online-Terrorismus, dat Joer drop souguer méi wéi 80 Aussoen, déi d’Autoritéite vun Internet-Notzer gemellt kruten.

Dat wiere majoritär Kommentaren, déi vun Erwuessener geschriwwe goufen, sou d’Vertrieder vu BeeSecure. Et géif een awer och ëmmer méi dacks vu Kanner a Jonke gesot kréien, dass den Haass, deem si op den Internetplattformen ausgesat wieren, géif zouhuelen.

Am Fokus vun der aktueller Sensibiliséierungscampagne vu Bee Secure steet den Internetsite nohateonline.lu. Hei kann een an engem Quiz och testen, ob een den Ënnerscheed tëscht legalen an illegalen Kommentare kennt a wéi BeeSecure d’Aussoen aschätzt.

D’Zil vun der Campagne ass et awer och, den Zivilcourage ze stäerken a d’Leit an der Gesellschaft dozou opzeruffen, illegal Inhalter bei den zoustännegen Autoritéiten ze mellen, zum Beispill anonym iwwert d’Stopline Plattform.

D’Schreiwes vum SNJ

#NOHATEONLINE, la campagne de sensibilisation de BEE SECURE pour promouvoir le respect en ligne! (19.10.2022)
Communiqué par : Service national de la jeunesse (SNJ)

PDF: D'Affiche vun der Campagne

Back to Top
CIM LOGO